LIVE! Planet People vum 17. AbrëllTimothy Peach, Nicola Tiggeler, Ludovic Daxhelet, Nathalie Frisch

Patrick Greis
Dës Kéier geet et ëm den Télévie, den Duck Race an den Theater am Cube 521.
Live! Planet People vum 17. Abrëll
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.

De Ronny Diederich vun der Table ronde léisst e Samschdeg 25.000 giel Inten an der Uelzecht schwammen, 5.000 méi wéi d’lescht Joer. Mat 6.000 Plastiksinten hat alles bei der éischter Editioun vun der Duck Race an de Rives de Clausen ugefaangen, duerno gouf an d’Péitruss geplënnert an elo si se zréck an der Uelzecht. Mat Eemere ginn déi éischt, also déi séierst Inten, aus dem Waasser gefëscht an do gëtt et interessant Präisser. Donieft ass den Erléis wéi ëmmer fir de gudden Zweck. Dëst Joer kënnen nees siwen Associatioune sech freeën, wa vill zesumme kënnt. Déi bescht Vue huet ee ronderëm d’Abtei Neimënster an den Depart ass um 15 Auer.

© Table ronde

Den Timothy Peach an d’Nicola Tiggeler spillen den 2. Mee am Cube d’Stéck “Kalter Weißer Mann”. Et geet ëm en Doudesfall, e Begriefnis, e Paschtouer, eng Gesellschaft déi trauert ëm e 94 Joer ale Mann. An duerno kënnt alles ganz anescht. Den Timothy Peach an d’Nicola Tiggeler sinn och am richtege Liewen eng Koppel an et kennt een si aus alle gängege Formater vun der däitscher Televisioun, vu Soap bis Krimi. Den 2. Mee gesäit een de ganzen Ensembel zu Maarnech am Cube an et gëtt genuch ze laachen. www.cube521.lu

© Franziska Strauss

D’Nathalie Frisch, Presidentin vun der Fondatioun Kiwanis, huet e schéine Scheck fir den Télévie derbäi. De Kiwanis Club ass en internationale Service-Club a Kiwanis Lëtzebuerg gehéiert zum Distrikt Belsch/Lëtzebuerg. Zu Lëtzebuerg ginn et aktuell 10 Kiwanis Clibb. De Kiwanis setzt sech weltwäit fir Kanner a Nout an, an dat an alle Beräicher. Souwuel fir Kanner, déi a schwierege Liewenssituatiounen opwuessen, wéi och gesondheetlech mat schwéiere Schicksalsschléi konfrontéiert sinn. A beim Télévie si si zanter der éischter Stonn mat am Boot. 10.000 Euro hu si fir den Télévie bäigesteiert.

Den Télévie ass lancéiert
Am Live Planet huet d’Fondation Kiwanis 10.000 Euro bäigesteiert.

De Ludovic Daxhelet ass an der Belsch bekannt duerch Pékin-Express respektiv als Animateur vun RTL. Aktuell ass hie mam Cuistax ënnerwee a versicht e Maximum u Sue fir den Télévie zesummen ze kréien. Et ass déi 6. Saison wou hien duerch d’Géigend fiert a kee Bierg ass him ze héich a kee Wee ze laang. Problemer gouf et och schonn, dass e Pneu geplatzt ass, oder de Kader net méi zesummegehalen huet. Begleet gëtt hie vu ville Fräiwëllegen a vu bekannte Gesiichter vun RTL TVI, an den Ofschloss vum Télévie ass och e Samschdeg mat enger grousser Show zu Léck an der Expo.

© RTL TVI

De Roger Saurfeld ass de President vum Centre de promesses zu Biissen. Dës dynamesch Gemeng huet sech hierginn an huet och déi lescht Wochen a Méint scho genuch organiséiert. Op elo e Krimidinner wou och Prominenz zerwéiert huet, en Thé dansant, e Kannerfloumaart oder e Mupperallye. Et misst scho vill an d’Kees komm si fir de gudden Zweck. Muer ass elo de leschten Dag vun der Télévie Campagne 2026 a ronderëm de Sportkomplex gëtt et Mäert, Iessstänn, eng grouss Tombola an t’ass d’Arrivée vum LSC Tour, dem Motto- an dem Vëlostour an d’Dreamteam kënnt bis laanscht.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO