
Et ass eng roueg Verännerung, déi vill Leit kaum mierken. Mir verbréngen ëmmer méi Zäit dobannen an ëmmer manner Zäit dobaussen. D’Natur gëtt zu eppes, wat “nice to have” ass, mee leider net méi Deel vum Alldag. Experte schwätzen hei vun enger Zort Defizit. Net u Vitaminnen, mee un Natur. Well eise Kierper an eise Geescht sinn net dofir gemaach, fir permanent an zouene Raim ze sinn, ënner kënschtlechem Liicht, mat engem konstante Floss u Reizer. D’Bëschcoach Karen Decker erkläert:
“D’Leit si vu sech ofgekoppelt a vu sech ofgekoppelt heescht vun der Natur ofgekoppelt ze sinn, well mir vergiessen eigentlech, dass mir dozou gehéieren. Mir gesinn dat separat an et ass och doduerch, dass mer eis erlaben ze maachen, wat mer mat der Natur maachen, dat heescht - ofholzen, einfach ewech huele, wa mer et net brauchen, oder wa mer musse bauen oder wéi och ëmmer. Wat eigentlech ganz schlëmm ass, ass dass d’Leit sech net bewosst sinn, dass si doduerch krank ginn. "
D’Konsequenze si subtil, mee reell: mir si méi séier gestresst, mir hunn et méi schwéier, ofzeschalten. E Gefill, ëmmer ënner Stroum ze stoen. Besonnesch bei Jonke gesäit een dat kloer. Vill Zäit online, wéineg Beweegung an der Natur. D’Balance geet verluer.
“Et ass sou, dass wann ech an d’Natur ginn a mer och Zäit huelen, dann ass natierlech d’Natur esou vill méi grouss, dass mäi Kierper sech automatesch adaptéiert. Mee et ass wéi gesot e bëssen esou d’Fro - ech sinn deconnectéiert a wéi maachen ech dat, fir mech ze reconnectéieren? - an et ass do wou et schwéier ass fir déi meeschte Leit.”
An dobäi misst et net esou sinn. Well d’Natur ass nach do an de Bësch och dacks guer net wäit ewech. Do gëtt et esou e schéine Sproch: “Du solls all Dag 20 Minutten an der Natur sinn, ausser wann s de gestresst bass, da solls de eng Stonn an d’Natur goen.”
“20 Minutten ass eigentlech schonn e gudden Ufank, wann ee wierklech géif 20 Minutten all Dag an de Bësch goen. Dat wat wierklech schwéier ass - och wann ech elo 20 Minutten an de Bësch ginn an ech sinn awer dann um Handy an ech sinn op Instagram amgaangen iergendeppes ze scrollen, dat näischt mam Bësch ze dinn huet, da gëtt et och fir de Kierper einfach méi schwéier. Mee 20 Minutten déi Saachen op der Säit ze loossen an einfach mol am Bësch ze sinn, ze kucken, ze richen, ze spieren, da si mer um gudde Wee. "
Vläicht ass et grad dat, wat eis feelt: net nach eng App, net nach eng Oflenkung - mee e Moment Rou. E Moment dobaussen. A wann eis eppes feelt, da gëtt et meeschtens och eppes, wat eis dat nees ka ginn. An déi Äntwert ass méi no, wéi mer mengen. An enger Stënnchen erziele mer iech méi iwwert d’Virdeeler vum Bësch.