Um Vëlo vun Auto erfaasstZwee 12 Joer al Kanner bei uergem Accident zu Dinslaken (D) gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
An Nordrhein-Westfalen koum et e Mëttwoch de Moien zu engem déidlechen Accident. Zwee Kanner sinn dobäi gestuerwen, ee weidert gouf liicht blesséiert.
Op der Onglécksplaz gëtt de jonken Affer geduecht
D'Police an Nordrhein-Westfalen ermëttelt wéinst engem uergen Accident.
© FABIAN STRAUCH/dpa Picture-Alliance via AFP

No engem uergen Accident sinn an Nordrhein-Westfalen zwee Kanner vun 12 Joer gestuerwen. Eng 47 Joer al Automobilistin koum e Mëttwoch de Moien aus ongekläertem Grond vun der Fuerbunn of an huet dräi Kanner am Alter vun 12 Joer um Vëlo ze pake kritt, wéi d'Police vu Wesel an de Parquet vun Duisburg matdeelen. Zwee vun hinne si méi spéit un hire Blessure gestuerwen.

E Mëttwoch am Nomëtteg hunn d'Ermëttler gemellt, datt déi zwee 12 Joer al Kanner an engem Spidol gestuerwe sinn. Dat drëtt Kand gouf deemno liicht blesséiert. D'Automobilistin koum och uerg blesséiert an eng Klinik.

E puer Rettungsween souwéi de Miess- an Erkennungsdéngscht waren am Asaz. D'Stroossen an der Géigend ware wärend den Aarbechte gespaart. D'Ermëttlunge fir d'Ursaach vum Accident lafen.

Back to Top
CIM LOGO