Op der PompelBensinn, Diesel a Masutt gi bis zu 7,5 Cent méi bëlleg

RTL Lëtzebuerg
No Hallefnuecht falen d'Präisser vun de verschiddene Spritzorten deels zolidd.
© AFP

Beim 98er Bensinn ass et eng Baisse vu 5,3 Cent de Liter op 1,866 Euro.

De 95er Bensinn gëtt ëm 5,9 Cent de Liter méi bëlleg a fält op 1,755 Euro.

Beim Diesel fält de Präis pro Liter ëm 7,3 Cent op 1,767 Euro.

Beim Masutt geet de Literpräis ëm 7,5 Cent op 1,206 Euro zréck.

© RTL Grafik

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO