Jugendlecher gehéieren net bei Krimineller op Schraasseg
Eisen Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war de President vun der EPI, de Paul Schmit.
Déi meeschte Fäll, déi mer begleeden si Jonker oder jonk Erwuessener, déi aus enger mesure de placement kommen. Dat sot de Paul Schmit um Méindeg de Moien. De President vun der Fondatioun EPI war eisen Invité vun der Redaktioun. D'EPI ënnerstëtzt Jonker, déi a méi schwierege Liewenssituatioune sinn a schafft mat Jonken, déi vun Dräibuer oder Schraasseg kommen. Ëm 273 Jonker huet d'Fondatioun sech zejoert bekëmmert, ëm Jonker tëscht 12 a 27 Joer an ëm hir Famillen.
D’Begleede vun deene jonke Leit géif ganz ënnerschiddlech verlafen, well ee versiche géif, op déi eenzel Besoinen anzegoen. Dat geet vun enger psychologesch-mënschlecher Begleedung, iwwert eng materiell oder et gëtt gekuckt fir déi Jonk nees an d’Schoul ze kréien, respektiv an eng Aarbecht.
De Problem vum Schoulofbriechen ass grouss. 10% géifen zréck an d'Schoul goen, fir déi aner géif een zesumme kucken eng Léisung ze fannen, a probéiere se an d'Beruffsliewen ze bréngen.
Op déi aktuell Diskussioun ëm en neit Jugendschutzgesetz ugeschwat, an ob mer déi richteg Strukturen hei am Land hunn, sot de Paul Schmit, datt een et ëmmer besser kéint maachen. Mä trotz alle Problemer géifen och vill Léisungen ugebuede ginn. De President vun der Fondatioun EPI ass awer ganz kloer, wat de Problem vu Mineuren am Prisong zu Schraasseg ugeet: e Jugendlechen, egal wéi schlëmm e sech beholl hätt, gehéiert net bei Krimineller op Schraasseg, sou den Invité vun der Redaktioun Paul Schmit um Méindeg de Moien.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.