De Gast Gibéryen war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

De Gast Gibéryen wäert sech spéitstens bis 2022 aus der Politik zeréckzéien. Dat huet den adr-Deputéierten e Freideg de Moien am RTL-Interview ugedeit. E wéisst e geneeën Datum, wollt en awer net verroden. Et wier méi wéi ee Joer virun de nächste Walen. D'Partei géif op alle Fall genuch Zäit kréie sech op säin Depart ze preparéieren.
D'adr wär gutt strukturéiert, hätt vill Memberen a wier net riets agestallt. Dat wäert se och an Zukunft net ginn, wann hie bis net méi do wier.

"Jiddereen ass ze ersetzen, och ech", sou den Invité vun der Redaktioun. Hie wéilt elo méi jonke Leit Plaz maachen. Fir den déngschteelsten Deputéierte wäert de Fred Keup an d'Chamber noréckelen.

Gast Gibéryen
De Gast Gibéryen war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Dee kéint een net an de rietsen Eck drécken, genee sou wéineg wéi seng Partei. Och net no sengem Depart, ënnersträicht de Gast Gibéryen.

De villdiskutéierte Facebook Post vun der adr-Politikerin Sylvie Mischel dann, do sot de Gast Gibéryen, datt d'Thema ofgeschloss wier. Et hätt ee séier an adequat reagéiert an et hätt och vill positiv Reaktioune ginn. Onglécklech wier just gewiescht, datt den Amalgamm mat de Flüchtlinge gemaach gouf. Un d'Parteimemberen war et dowéinst en Appell, an Zukunft besser opzepassen.

A wat den Depart vum Etienne Schneider aus der Regierung ugeet, do kritiséiert den adr-Deputéierten, datt et zur Politikverdrossenheet géif bäidroen, wann e sozialistesche Wirtschaftsminister säi Mandat verléisst an duerno géif an d'Privatwirtschaft wiesselen. Dat geet e bëssen géint d’Wäerter vun de Sozialisten.

Invité vun der Redaktioun: Gast Gibéryen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.