En Dënschdeg de Moie war de President vun der Proffegewerkschaft Féduse eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir léieren all Dag bäi. Iwwert déi lescht 14 Deeg "Schoul doheem" huet munches direkt gutt geklappt a bei munche Saache muss een nobesseren. Dat seet de Raoul Scholtes, de President vun der Proffegewerkschaft Féduse. Hie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Et misst elo vill méi op dat Digitaalt gesat ginn. De Problem war am Ufank d'Doséierung, gëtt de Raoul Scholtes zou. Sou vill wéi méiglech wär probéiert ginn, elo hätt een dat schonn ugepasst a géif dat och nach weider maachen.

Schoul lieft vum Kontakt tëscht de Mënschen, seet de Professer a Gewerkschaftler. Dat, wat een elo mécht, wär ëmmer nëmmen en Ersatz, obwuel den Opwand ganz grouss wier. Fir déi eng wär et méi einfach wéi fir anerer.

Ob ee just widderhëlt, d'Schüler beschäftegt, hänkt dervun of, wéi laang et nach dauert.

Et wär gutt, datt ee virun der Ouschtervakanz Gewëssheet hätt, wéi et direkt no der Vakanz weider geet. De Minister Claude Meisch hat jo e Méindeg gesot, datt dat spéitstens bis e Freideg decidéiert wär.

D'Kommunikatioun mam Minister hätt vun Ufank u gutt funktionéiert, seet de Raoul Scholtes. Nach e Méindeg hat een e Videogespréich. Hien hätt d'Impressioun, datt de Ministère an d'Proffen d'Situatioun änlech gesinn.

Den Drock ofbauen, deen déi lescht zwou Wochen entstane wär, misst elo geschéien an e Rhythmus fannen, ënnersträicht de Féduse-President.

Déi sozial Differenze géife sech och beim „Homeschooling“ weisen. Differenzen, déi et awer och bei normale Coursë géif ginn. Wann een nees zesummen am Klassesall géif sëtzen, misst dat opgeschafft ginn, sou de Raoul Scholtes vun der Proffegewerkschaft Féduse.

Invité vun der Redaktioun: Raoul Scholtes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.