Méi Chantiere fir méi Pünktlechkeet: CFL optimistesch fir d'Zukunft
En Dënschdeg de Moie waren d'Zukunftspläng vun den CFL Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’CFL leeën déi gréisser Chantieren an d’grouss Vakanz, well do manner Leit a keng Schüler den Zuch huelen, haaptsächlech op der Streck Beetebuerg, wou d’CFL grad déi sougenannten Neibaustreck Richtung Stad bauen. Besonnesch um Houwald hätt een dëse Summer vill geschafft, erkläert de Generaldirekter Marc Wengler als Invité vun der Redaktioun.
Nëmmen am Summer kéint een doriwwer eraus an deem Mooss Ersatzbusser organiséieren, well déi dee Moment net fir de Schülertransport gebraucht ginn. Ronn 1.100 Bus-Trajeten hätt ee fir de Schinnenersatzverkéier op der Beetebuerger Streck gebraucht. De Marc Wengler weist sech awer optimistesch, dass d’Neibaustreck wéi geplangt 2027 fäerdeg gëtt.
D’Schinnennetz wier saturéiert, an dofir bräicht een déi Aarbechten. Ausserdeem misst een d’Netz reegelméisseg erneieren, am Joer kéimen do ëm déi 30 Kilometer zesummen.
Generell géifen déi vill Chantieren duerno zu enger besserer Pénktlechkeet bäidroen, ënnersträicht de Generaldirekter:
"Mir hunn e ganz speziellt Netz. Mir hu sechs grouss Linnen. Se kommen alleguerten an d'Gare Lëtzebuerg. Mir hunn iwwer 1.000 Zich den Dag, déi do kommen. All Minutt fueren do Zich. Mir mierken dat jo haut, och wann nëmmen eng kleng Stéierung do ass, déi huet grouss Incidencen op dat ganzt Netz. A mat deem Ausbau, mat all deenen Etappen, déi mer scho gemaach hunn déi lescht Joren, och d'Gare Lëtzebuerg ass ausgebaut ginn, d'Duebelgleisegkeet op Sandweiler, mir hunn d'Gare Miersch ausgebaut, d'Gare Rodange d'lescht Joer ass och ausgebaut ginn, alleguerten déi méi kleng Garen, déi Knietpunkte sinn ausgebaut. Dat ass e ganzt Konzept. An um Enn vun deem Konzept, 2027, da kann déi Streck, déi aus Frankräich kënnt, mat där Streck, déi vun Esch kënnt, déi allen zwou tëschent Beetebuerg a Lëtzebuerg, déi kënnen onofhängeg vunenee fuere bis an d'Stad Lëtzebuerg eran.”
Dat géif d’Pénktlechkeet däitlech verbesseren.
Aggressiounen op Zuchpersonal
2024 zielen d’CFL 216 Aggressiounen op Zuchpersonal. Dass den Trend an d’Luucht geet, kéint een net confirméieren, seet de Marc Wengler, mee:
"Et geet leider och net erof. Wann een dat, par Rapport zu der Zuel vun de Voyageuren hëlt, da géif ech soen, da geet et vläicht liicht an d'Luucht géintiwwer de leschte Joren. Mir huelen awer och do ganz vill Initiativen. Dat fänkt u bei der Formatioun vun eise Leit. D’ailleurs si mir eng vun den eenzegen Eisebunnen, déi Personal an den Zich hunn (…) Personal an och zousätzlecht Sécherheetspersonal an den Zich. Do hu mer déi lescht Joren och de Prozentsaz vun deenen eropgesat, an déi begleeden dann zousätzlech zu eisem Personal, wat do ass. Dat ass eng extern Firma, Sécherheetsfirma, haaptsächlech an deenen Zich, déi vläicht e bësse méi kritesch sinn oder och zu deenen Zäiten, déi e bësse méi kritesch sinn.”
Ausserdeem setzt d’Eisebunnsgesellschaft op Kameraen an den Zich an an de Garen.
Manner Leit bereet zu Nuetsaarbecht
D’CFL sinn de gréissten Employeur am Land, mat iwwer 5.200 Mataarbechter: “Mir hunn d'lescht Joer iwwer 500 nei Mataarbechterinnen a Mataarbechter agestallt. Mir kréien all Mount iwwer 2.000 Kandidaturen”.
Ma et wier deelweis méi schwiereg Leit ze fannen, déi op Schichten an Nuets schaffe wéilten. Rezent huet d’CFL och hir Astellungskrittäre geännert: Esou muss Zuchpersonal net schonn direkt Lëtzebuergesch kënnen, mee kann et bei den CFL léieren.
Klo vun der Famill vum Nowuessfuttballspiller géint d’CFL
D’Famill vum 16 Joer ale Jong, deen am August zu Leideleng vun engem Zuch erfaasst gouf, hat rezent annoncéiert, se géif d’CFL verkloen. Bis dato wier dem Generaldirekter no nach näischt agaangen, ëffentlech wéilt een sech dozou elo net weider äusseren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.