Invité vun der Redaktioun (19. September) - René WinkinAarbechtszäit-Flexibiliséierung mat Garantië géint Abusen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie war ënner anerem Aarbechtszäitorganisatioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: René Winkin
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Méi laang Aarbechtszäiten, manner Pausen a manner Congé: D’Patronat hätt de Gewerkschaften no op der drëtter Sozialronn den 3. September inacceptabel Proposen op den Dësch geluecht. Den Direkter vun der Fedil, der Stëmm vun der Lëtzebuerger Industrie, de René Winkin, huet dat e Freideg de Moien hei op RTL relativéiert. A sengen Ae wier “villes entweder falsch verstanen oder carrement iwwerdriwwe ginn”.

De René Winkin wënscht sech eng nei Geleeënheet, fir de Gewerkschaften d’Mesurë vum Patronat z’erklären. De Vertrieder vun der Industrie huet verséchert, datt, wann et Risike vun Abuse vu Patrone kéint ginn, “wann een eng Dir opmécht, da musse mer kucken, déi Dir nees kënnen zouzemaachen”.

Hien huet e Beispill genannt: haut gesäit d’Gesetz just eng onbezuelte Paus pro Dag vir. Et géing awer Leit ginn, déi Moies fréi schonn doheem wéilten ufänke mat schaffen, fir nom Trafic op d’Schaff ze fueren. Den Trajet wier da laut Gesetz eng Paus, déi misst bezuelt ginn an eng Mëttespaus oder nach eng Paus Owes géingen dann net méi bezuelt ginn. De René Winkin ass iwwerzeegt, datt een do mat de Gewerkschafte sech kéint Eens ginn, fir datt een ebe verhënnert, datt et onbezuelte Pause gëtt.

Schued, datt de Kollektivvertrag e bëssen a Verruff geroden ass

Deen dee fir d’Paronat mat op der drëtter Sozialronn souz, huet och bedauert, datt de Kollektivvertrag “e bëssen a Verruff” gerode wier, well dat wier ee Wee, fir vill praktesch Froen ze reegelen. De Kollektivvertrag wier an der politescher Diskussioun gebraucht ginn als “Restriktioun” oder “Zort Präis, deen ee muss bezuelen”.

Dat géif ee bei der Diskussioun ëm d’Sonndesaarbecht gesinn. Fir datt bei engem klenge Geschäft e Salarié kéint Sonndes 8 Stonne laang schaffen, wier e Kollektivvertrag néideg, mee dat hätt de Kollektivvertrag “an en Eck gedréckt, wou et net higehéiert.

De René Winkin huet betount, datt et en Instrument wier mat deem grouss Betriber oder Secteure ganz gutt Eens ginn.

Bannemaart ganz notzen an administrativ vereinfachen

D’Wirtschaft an Europa ass notamment wéinst den US-Douanestaxen ënner Drock, mee de René Winkin huet relativéiert, datt d’EU antëscht deels besser behandelt gëtt ewéi aner Konkurrenten. D’EU stéing sech awer och selwer am Wee, well se nach net d’Potential vun engem Bannemaart ganz ausnotze géing. Den Direkter vun der Fedil huet den internationale Wärungsfong zitéiert: Well de Bannemaart nach net ganz fräi ass, géing ee méi ewéi 45 Prozent Taxen op Gidder an 100 Prozent Taxen op Servicer bezuelen.

Duerch Normen, déi an engem “infernale Rhythmus” gewuess wieren. Hien huet awer d’Agenda vun der EU-Kommissioun begréisst, fir dat erëm “erofzekréien”. Nom éischten Omnibus-Pak kéim elo en zweeten fir ënnert anerem dat Digitaalt.

Datt d’EU-Ëmweltministere sech just op e minimale Kompromëss a Saache Reduktioun vun Zäregasen Eens gi sinn, dat wier fir d’Industrie iwwerdeems kee Grond, fir opzeootmen. Dem René Winkin no wier Planungssécherheet wichteg. Op der anerer Säit et wier awer flott, wann ee kéint op internationalem Plang Klimaziler festleeën, fir déi selwecht Ziler iwwerall ze hunn a kenger Ekonomie méi opzezwéngen, ewéi enger anerer.

E Freideg de Moie war ënner anerem Aarbechtszäitorganisatioun Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO