En Donneschdeg de Moien war den Direkter vun der Nationalbibliothéik eisen Invité vun der Redaktioun.

Wei kann een de Leit een einfachen a fiabelen Zougang zu all den Wëssensressourcë ginn? Dat ass den Haaptdefi hautdesdaags vun enger Nationalbibliothéik. Dat sot de Claude Dario Conter, den zanter knapp engem Joer un der Spëtzt vun der BNL ass. Et misst een en An drop halen, wat an der Gesellschaft alles geschitt, wéi sech d'Ekonomie verännert a wéi sech d'Wëssenschaftslandschaft verännert, fir da relativ fréi de Besoin vun de Leit z'erkennen an dorop ze reagéieren.

Méi Sensibilisatioun fir den Dépôt légal
Den Dépôt légal wär een Outil, deen et géing erméiglechen, fir de Patrimoine vum Imprimé ze versuergen. An engem Reglement grand-ducal ass festgehale ginn, dass alles, wat Impriméë sinn, vun der Nationalbibliothéik versuergt gëtt. Dorënner falen natierlech Bicher a Broschüren, ma och Zäitschrëften, Zeitungen an alles, wat doriwwer erausgeet, wéi zum Beispill Affichen, Postkaarten, Kaarten, Pläng, Kalenner, Gravuren, Sérigraphien, Lithographien, also och een Deel vum Patrimoine artistique imprimé. Am Resumé wier et eigentlech all gedréckten Dokument mat Bezuch zum politeschen, zum wirtschaftlechen, zum gesellschaftlechen, zum reliéisen an touristesche Beräich, sou den Invité.

Den Defi wier aktuell awer virun allem, fir alles bis an d'Nationalbibliothéik ze kréien. Wann ee géing trëppele goen, da géing ee vill Affichë gesinn, sief et vu Ministèren, sief et vu staatlechen oder kommunalen Administratiounen, déi ni bis an den Dépôt légal vun der Nationalbibliothéik kéimen. Dobäi wier dësen Dépôt de Garant fir eng intellektuell, kulturell an wëssenschaftlech Memoire an deemno wär et och kee Kavaléiersdelikt den z'ignoréieren.

Dësen Hierscht géing een dofir ufänken, d'Leit nach méi op den Dépôt légal ze sensibiliséieren an en duerch Konventiounen ze stäerken, fir dass et eng Selbstverständlechkeet gëtt. An der Editiounslandschaft wier een dofir zum Beispill scho ganz staark sensibiliséiert. Déi éischt Hallschent vun 2021 hätt een och d'Artiste sensibiliséiert, ma ganz dacks wieren et wierklech staatlech oder kommunal Administratioune bei deenen de Sujet nach manner ukomm wier, erkläert den Claude D. Conter.

Groussen Defi: Web-Archivéierung

Alles, wat digital ass, muss natierlech och archivéiert ginn. Dozou gehéieren zum Beispill elektronesch Bicher, sougenannt Ebooks. Ma besonnesch de sougenannte Web Harvesting gëtt eng Erausfuerderung. Do geet et drëm, d'Internetsäiten z'archivéieren. Wann an Zukunft eng Persoun sech wéilt mat der Zäitgeschicht beschäftegen, déi misst dann un déi Quelle goen, déi d'Leit consultéiert hunn, an dat wier haut un éischter Stell den Internet, erkläert den Direkter vun der BNL.

All Mënsch géing mengen, dass eppes wat um Internet ass, fir ëmmer do wier. Dobäi géingen awer 10% vum Contenu vun den Sozialen Netzwierker verschwannen, 80 Prozent vun de Websäite géinge sech bannent engem Joer veränneren an eng ganz Partie géinge souguer komplett verschwannen, sou den Claude D. Conter.

Dofir ginn all d'Adressen déi op .lu ophalen oder déi e Lien mat Lëtzebuerg hunn, archivéiert. Den Ament wären dat eng 186.000 Websäiten, 1,8 Billiounen Dokumenter oder 152 Terabyte Datevolummen (n.d.l.r. 1 Terabyte sinn ongeféier 1024 Gigabyte) an dat géing och ëmmer weider wuessen.

D'Zil ass duerno, de Leit dat zur Verfügung ze stellen. Aus techneschen an juristesche Grënn geet dat den Ament just an der BNL selwer, ma et hätt een den Usproch, dat an Zukunft vun doheem aus 7 Deeg op 7 accessibel ze maachen.

Conservatioun vum Patrimoine

D'Nationalbibliothéik huet eng ganz Partie Spezial-Kollektioune wéi zum Beispill den Komponisten-Archiv. Déi wéilt een natierlech och gäre méi bekannt maachen. Eng weider Prioritéit wier dann och e Projeten iwwer den Humanismus zu Lëtzebuerg. Dat waren eng ganz Partie europäesch Geléiert, Intellektueller an Auteure virun 1815. Do wéilt ee weisen, wien déi Leit waren am 14., 15. an 16- Joerhonnert. An et wéilt een dann och all Form vu Bibliothéiksgeschicht hei am Land retracéieren. Och dat wier eng Aufgab fir eng Nationalbibliothéik.

„Mir brauchen e Bachelor an den Informatiounswëssenschaften“


Et ass absolut noutwenneg, de Jonken déi ganz Bandbreet ze weisen, vun de verschiddene Beruffer, déi an den Bibliothéiken néideg sinn, sou de Claude Conter. Déi Jonk BAD, d'Associatioun vun den Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten hätt drop opmierksam gemaach, dass zejoert 290 an dëst Joer 155 fräi Stellen an dem Beräich ausgeschriwwe waren. An zwar net just fir Studenten a fir Stagen, ma virun allem fir CDIen an CDDen. Wann een awer wéisst, dass den Ament just 15 Leit ënnerwee wären, dovunner just der 4 wäerte fäerdeg ginn, da géing een d'Urgence erkennen. Dat sinn net ëmmer just Plazen, déi als Bibliothekär ausgeschriwwe sinn, mä als Data-Manager, als Inventurist, als „Knowledge- and Information Assistant“, sou den Claude Conter. Dorënner fält all d'Wëssen, wat ee bräicht aus engem Archiv-, Bibliothekärs-, Dokumentalisten- Studium. Dofir ass et d'Fuerderung vum neien Direkter vun der Nationalbibliothéik, een Bachelor op der Uni Lëtzebuerg an den Informatiounswëssenschaften unzebidden. Dowéinst wéilt hien am Hierscht all déi concernéiert Acteuren zesummeruffen, fir ze diskutéieren, dorënner déi dräi Ministère vun der Educatioun, der Kultur an der Héichschoul, dann nach d'Universitéiten, C2DH, d'ALBAT, d'VLA an déi Jonk BAD.

Iwwer den Claude Dario Conter

Zanter knapp engem Joer ass den Claude D. Conter neien Direkter vun der Nationalbibliothéik. No der Kritik ëm d'Nominatioun vum Joanne Goebbels, hat si sech jo zeréckgezunn. De fréieren Direkter vum Literaturzenter zu Miersch hat de Poste proposéiert kritt, mä ugangs nach refuséiert. Hie wier nach net prett gewiescht, präziséiert den Invité de Moien. Hien hätt nach eng ganz Rei Projeten am Literaturarchiv gehat, déi hie wollt fäerdeg maachen. Vill Projete wären awer scho sou weit prett gewiescht, dass eng ganz Ekippdat hätt kéinte matdroen, dofir hätt een dunn och den neien Defi ugeholl.

Invité vun der Redaktioun: Claude D. Conter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

De Communiqué

La BnL a accueilli la Web Archiving Conference 2021

La Bibliothèque nationale du Luxembourg (BnL) en collaboration avec l’IIPC (International Internet Preservation Consortium) a eu l’honneur d’accueillir l’édition 2021 de la WAC (Web Archiving Conference) du 14 au 16 juin, comme événement virtuel à la BnL. Cette conférence a réuni les experts et chercheurs de 45 pays pour présenter et évaluer les nouveaux développements dans le domaine de l’archivage du web. Parmi les sujets évoqués étaient :

  • la documentation de la pandémie Covid-19 à travers le monde
  • la question de confiance et fiabilité des archives du web
  • les nouveaux développements techniques et procédures d’archivage, en réponse à l’évolution des contenus du web

Compte tenu que beaucoup d’institutions investies dans l’archivage du web sont les seuls opérateurs dans leurs pays respectifs, cet échange international annuel est primordial pour l’effort concerté dans la préservation de l’Internet et le développement de solutions communes.

L’évènement virtuel a rassemblé 320 personnes et a, ainsi, battu le record de participation des années précédentes. De plus, les présentations enregistrées et mis en ligne sur Vimeo ont accumulées plus de 3500 vues. L’édition 2021 de la Web Archiving Conference a permis de présenter le Luxembourg et différents partenaires de la BnL (Fonds National de la Recherche ou l’initiative Luxembourg - Let’s make it happen) à un public international.

Liens utiles :

www.bnl.lu

www.webarchive.lu