E Mëttwoch de Moie waren d'Chamberwalen an d'Ziler vun der ADR Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et geet drëms verschidden Ziler z’erreechen a souwäit wéi méiglech ze kommen. Wa mer net dëst Joer Premier ginn, da villäicht an 10 oder 15 Joer, sot e Mëttwoch de Moien de Fred Keup am RTL-Interview, ADR-Deputéierten a President vun der Partei an zanter e Sonndeg och ADR-Spëtzekandidat fir d’Walen.

De Fred Keup ass iwwerzeegt dovunner, datt d'ADR bei de Wale wënnt. Si wiere prett, fir Verantwortung z'iwwerhuelen. Am Léifsten an enger biergerlecher Koalitioun mat der CSV. Déi grouss an al Parteien hätten ëmmer méi Schwieregkeeten a wieren och e bësse langweileg ginn. Hie gleeft drun, datt laangfristeg d'ADR ganz vill Erfolleg huet. Et wär eng Partei fir d'Bierger hei am Land.

Eraus aus der Wuesstemsfal

Mat der aktueller Politik ass d’ADR guer net zefridden. Villes wär méi schlecht ginn. Den iwwerméissege Wuesstem wär e grousse Problem an dofir bräicht een e Wiessel. Mam Bevëlkerungswuesstem, enger Explosioun, wär een an enger Wuesstemsfal. Et misst een do eraus, well dee Wuesstem hätt negativ Konsequenze wéi d'Logementspräisser oder d'Stauen. D'ADR wéilt nees e Wuesstem wéi viru 15 Joer. Et dierft een als Land och net ze vill attraktiv sinn. Fir aus dem Däiwelskrees eraus ze kommen, hätt een eng Partie Méiglechkeeten. Et misst een onofhängeg vun deem Wuesstem ginn an zum Beispill op eng staark Produktivitéit setzen, wou ee pro Arbeitnehmer vill géif produzéieren, amplaz nei Aarbechtsplazen ze schafen.

Fir Verbrenner an Atomkraaft

D'ADR wëll um Verbrenner festhalen, grad wéi un der Atomkraaft. Déi nei Atomenergie wär haut ganz innovativ an technesch ausgeräift. Et wär een och net géint den Elektroauto, mä et misst ee realistesch sinn. Just Elektro a keng Atomkraaft kéint net funktionéieren.

Invité vun der Redaktioun: Fred Keup

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.