En Dënschdeg de Moie war d'Heescheverbuet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Problem mat der Drogekriminalitéit a mat der organiséierter Heescherei kritt een net an de Grëff, andeems ee wéi e Sheriff blannemännerches duerch d'Géigend schéisst, mat vill Show. Dat äntwert de François Bausch op d'Reprochë vum Inneminister Léon Gloden, dass ënnert de viregte Regierungen näischt geschitt wier. De fréiere Policeminister, Vize-Premier an aktuellen Deputéierte vun Déi Gréng war eisen Invité vun der Redaktioun an huet ënnerstrach, datt grad ënnert de Blo-Rout-Grénge Regierungen d'Kommissariater an d'Policeschoul moderniséiert gi sinn a massiv rekrutéiert gouf. „Am Fong misst den Här Gloden eis Merci soen“, well hien elo géing vun den honnerten zousätzleche Poliziste profitéieren, sou den Invité. E Méindeg hätt de Léon Gloden a sengem Interview och vun de 60 Platzverweise geschwat. „Wien huet dat Gesetz dann op den Instanzewee bruecht? Den Här Kox an ech," sou de François Bausch, deen och präziséiert, dass ënnert him 30 zousätzlech Polizisten op d'Gare komm sinn, an dass dunn och méi patrulléiert gouf.

De Rechtsstaat respektéieren

De Léon Gloden wier nach net an der Regierung ukomm an hätt scho vill Klatzen an de Kullang geheit, awer nach keng Keel getraff. Den Inneminister hat e Méindeg am Interview och e Gesetzprojet vum François Bausch zitéiert, mat deem an Zukunft den ëffentleche Raum an Transport soll iwwerwaacht ginn, fir eben Heescherte vu Bänke fort ze kréien. Dorops äntwert de fréiere Policeminister, dass dëst Gesetz um Instanzewee wier a genee géing weisen, wat een eigentlech misst maachen an engem Rechtsstaat.

Wann et géing drëm goen, fir Fräiheeten anzeschränken, da misst een e Gesetz maachen an net iergendee "bëllegt Reglement", kritiséiert de gréngen Deputéierten. Sou kéint sech dann och de Staatsrot domat beschäftegen. Dëse Gesetzprojet wier och net géint eng eenzel Grupp wéi d'Sans-abrie gemaach ginn, mee fir de gratis ëffentlechen Transport ze reegelen. Vill Saachen, déi nämlech am ëffentleche Raum erlaabt wieren, wéi zum Beispill Alkohol drénken, fëmmen oder d'Féiss op d'Bänk leeën, wieren dat am ëffentlechen Transport awer net.

Wat den Inneminister dogéint géif maachen: Fräiheeten aschränken, ouni d'Chamber an de Staatsrot ze froen, wat bedenklech wier an engem Rechtsstaat. An hie géing net zu sengem Feeler stoen, mee e Beamte beschëllegen, deen een "excès de zèle" gemaach hätt. Dës Scholdzouweisunge wieren traureg a géingen d'Policebeamten um Terrain demoraliséieren, déi schonn tëscht alle Still géinge sëtzen.

Enorme Wuesstem ass d'Origine vum Problem

D'Procureure générale huet 1.200 Dossiere genannt, déi beim Parquet net virukommen. Dat wieren net just rezent Affären, mee do géing sech vill opstauen. Och do hätt déi viregt Regierung ënnert der Justizministesch Tanson vill Leit am Justizapparat agestallt  an et wier nach e weidert Gesetz um Instanzewee. Ganz allgemeng ass et de Constat, dass eist Land immens séier gewuess wier an et verpasst gi wier, fir d'Infrastrukturen unzepassen. Dofir sollt een ophalen, Polemik ze maachen, de Problem erkennen a seriö dru schaffen, fir de Retard opzehuelen, deen no Joerzéngten entstanen ass.

Liest heizou och:

Invité vun der Redaktioun: François Bausch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.