"Mir ginn eis all Méi, eng bezuelbar Wunneng ze bauen"
E Mëttwoch de Moie war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mir ginn eis all Méi, eng bezuelbar Wunneng ze bauen", sot den Direkter vum ëffentleche Bauträger SNHBM, de Guy Entringer, e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De beschte Präis an eng gutt Qualitéit wieren d'Zil.
Zejoert goufe just 38 Wunnenge verkaf
D'lescht Joer huet den SNHBM nëmmen 38 Wunnenge verkaf. Am Verglach dat Joer virdrun waren et der 187. Dëst Joer hätt een an den éischte 4 Méint awer schonn 43 Clientë fonnt. Et géing ee gesinn, datt d'Leit léiwer kafen, wann d'Wunneng scho fäerdeg wier. Dowéinst géing een hoffen, datt Wunnengen, déi aktuell am Bau sinn, nach e Keefer fannen. Soss hätt een ëmmer nach d'Méiglechkeet, se an d'Locatioun ze ginn. Mat Perte géif een net verkafen, dat kéint ee sech als SA och net leeschten. D'Marge läit bei 6%. Den Ament géif och keng Wunneng eidel stoen, déi scho fäerdeg wier.
Bezuelbar Wunneng besser kafe wéi lounen
Sinn d'Wunnengen net awer ze deier ginn? An ass den Ënnerscheed zum normale Marché nach grouss genuch? Wann een um normale Marché näischt ka kafen, si mir déi besser Alternativ, wéi eppes ze lounen, fënnt den Direkter vun der SNHBM. Wann ee säi Kredit ofbezuelt hätt, kéint een awer nach déi aner 70 Joer eng bezuelbar Wunneng hunn, déi een näischt kascht. Geschwë wäert och e Gesetz gestëmmt ginn, fir datt méi Clienten eligibel ginn, fir eng Wunneng ze kafen.
Kee Projet gëtt zréckgestallt, "mir gi Vollgas"
D'Zil vun der Société Nationale des Habitations à bon marché ass et, all Joer 300 Wunnenge fäerdeg ze stellen an dovunner een Drëttel ze verlounen an zwee Drëttel ze verkafen. D'Nofro, fir ze lounen, wier ganz héich. Mir wäerten net bremsen. Kee Projet géif zréckgestallt ginn, well en net verkaf ass. Well d'Locatioun wär ëmmer méiglech. Mir gi Vollgas, fir virunzekommen, sou de Guy Entringer. Dofir bräicht een awer och déi néideg Terrainen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.