"Mir brauchen e konsequent Ëmdenken an der EU"
En Dënschdeg de Moie waren d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mir sinn net just drop fokusséiert, e Sëtz ze kréien. Mir si scho frou, wann eise Prozentsaz liicht an d’Luucht geet a wa mer gesinn, dass mer d'Leit mat eise lénken Iddien iwwerzeegen." Dat sot Tania Mousel um Dënschdeg de Moien. D’Europakandidatin fir Déi Lénk war eis Invitée vun der Redaktioun.
Nieft der KPL wiere si déi eenzeg Partei, déi kloer géint den Neo-Kapitalismus an Neo-Liberalismus an der EU wier. LSAP a Gréng wieren ze kompromëssbereet, an dowéinst géing duerno dacks net vill iwwereg bleiwe vu lénks-orientéierter Politik.
Déi jéngsten EU-Lëscht
Déi Lénk hu mat engem Altersduerchschnëtt vu ronn 30 Joer déi jéngste vun den 13 Europalëschten hei am Land. Dat wier e bewosste Choix. Et wieren nämlech virop déi Jonk, déi zukünfteg Generatiounen, déi vill vun den aktuelle Problematiken an Zukunft missten ausläffelen. Vill Jonker op der Lëscht géinge vläicht och aner Jonker dozou beweegen, fir déi Lénk ze stëmmen. An et wier wichteg, seng jonk Politiker bekannt ze maachen, sou d'Invitée.
Kee bedéngungslosen EU-Optimismus
Et wéilt een natierlech net aus der EU austrieden, mee et wier wichteg, dass een d'EU och kritesch kuckt, sou d’Tania Mousel. D’Ekonomie stéing am Mëttelpunkt an net de Mënsch, sou d’Kritik vun déi Lénk. Dat wichtegst fir d'EU wier et, fir d’Präisstabilitéit an den Handel z’erhalen, dobäi géing et der EU awer dacks u Solidaritéit feelen. D’Leed vun de Leit wier op zweeter Plaz. Och d’EU-Aussepolitik hätt en negativen Afloss op vill aner Deeler vun der Welt, an d’Unioun géing deels souguer “ausbeuteresch” Handelsverträg mat anere Regiounen ofschléissen.
Mir brauche virop een Ëmdenken an der EU
Fir d’Tania Mousel ass eng Haaptprioritéit de Kampf géint de Klimawandel. Virop bräicht een e ganz konsequent Ëmdenken an der EU, soss kéint ee kee vun de Problemer léisen. D’EU kéint d’Klimaziler net erreechen, wa refuséiert gëtt, fir grouss Entreprisen ze reglementéieren a verschidde Verbueter opzestellen.
Donieft wier d’Fro vun der Defense wichteg. Déi Lénk stinn der NATO kritesch géintiwwer. Europa soll manner militärescht Oprëschten. Dat géing d’Welt méi onsécher maachen. Besser wier eng gemeinsam europäesch Arméi , déi op d’Defense ausgeluecht ass.
Et misst een och souwuel de grousse multinationalen Entreprisen, wéi och de grousse private Verméigen de Kampf usoen, mat massive Steiererhéijungen, sou d'Kandidatin vun déi Lénk. Ouni dat géing et am Fong keen Ënnerscheed maachen, ob den eenzelen Normal-Verbraucher géing op verschidde Saache verzichten, oder net. Als Beispill: 1 Prozent vun de Leit géing duebel souvill CO2 ausstoussen, wéi déi aarm Hallschent vun der Weltbevëlkerung.
Dofir bräicht et also ganz kloer eng aner Politik: vun der Verdeedegung, iwwer d’Migratioun, eriwwer bei den Handel, sou d’Tania Mousel. Och punkto Unanimitéitsprinzip iwwerrascht et net, dass déi Lénk fuerderen, dass d'Vetorecht punkto Steierfroen ofgeschaaft gëtt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.