E Freideg de Moie waren d'Situatioun vun de Banken an den Immobiliëmaart Themen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Clientë vun der ING musse beim Transfert bei eng aner Bank fair behandelt ginn, dat sot de Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF, de Claude Marx bei eis op der Antenn. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Bank orientéiert sech jo ëm an trennt sech vun hirem Privatclientsgeschäft. Zanter engem Mount ass elo gewosst, datt eng 33.000 Privatpersounen hire Kont vun der ING bei eng aner Bank transferéiere mussen. Dem Gesetz no huet een zwee Méint Zäit duerfir. D'ING huet de Clientë bis September ginn. Sollt bis dohinner net jiddereen duerch sinn, missten d'Leit awer méi Zäit kréien, huet de Claude Marx e Freideg bei eis gefuerdert.

D'CSSF begleet als Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur den aktuellen Transfert a géif duerfir suergen, datt d'Clientë fair behandelt ginn. Mat der Aart a Weis wéi d'ING kommunikéiert huet, war een net d'accord. Dat hätt zu engem gewëssene Chaos gefouert, sot eisen Invité nach emol. Duerfir hätt d'CSSF och bei der Bank intervenéiert. Wat och seng Friichte gedroen hätt.
 
Zu Lëtzebuerg musse fir den Ament 4 Banken (BCEE, Raiffeisen, BGL, Post) all Privatpersoun e Basis-Service mat engem Compte courant ubidden. Mat der BIL huet sech nach eng 5. Bank duerfir bereet erkläert. Dës Banken hätten zesumme mat der ING schonn Efforte gemaach, fir d'Clienten opzefänken a se wieren och frou fir nei Clientë bäizekréien, sou de Claude Marx. Mä bei der Mass vu Leit, déi concernéiert sinn, géif et einfach Zäit an Usproch huelen fir alles ze reegelen.
 
Iwwerwaachungskommissioun net Schold, datt Leit kee Kont kréien
 
D'Analys vum CEO vun der Banken- a Banquiersassociatioun ABBL Jerry Grbic, datt d'Ëmstrukturéierung vun der ING op déi komplex Reglementatioun hei am Land zréckzeféiere wier, deelt de Generaldirekter vun der CSSF net. De Jerry Gbric hat rezent am Paperjam gesot, wann een eng Lektioun aus der Aventure ING misst zéien, dann déi, datt d’Prozedure méi einfach misste ginn.

D'Reegelen, fir als Privatpersoun oder Entreprise e Kont opzemaachen, géif et zanter den 1990er Jore ginn an hätte rezent net geännert, äntwert de Claude Marx. Si wiere mat der Zäit wuel méi streng kontrolléiert ginn. Mä d'Iwwerwaachungskommissioun wier sécher net dru Schold, datt d'Leit kee Kont méi kréien. D'ING hätt eng Geschäftsdecisioun geholl, fir sech op aner Aktivitéiten ze konzentréieren.
 
Méi Kreditausfäll awer kee Risiko fir d'Banken
 
An de leschte Méint sinn d'Kreditausfäll zu Lëtzebuerg an d'Luucht gaangen. Dat heescht also, datt méi Leit respektiv Betriber hir Scholden net méi zréckbezuele konnten. Konkret kënnen den Ament eng 6% vun den Entreprisen net méi bezuelen. Normalerweis louch deen Taux tëscht 2,7 an 3,5. Och bei de Privatstéit gouf et eng Progressioun. Mat 1,8% vun den Immobiliëkreditter, déi den Ament net rembourséiert ginn, läit Lëtzebuerg liicht iwwert der europäescher Moyenne. E Risiko fir d'Banke gesäit de Chef vun der CSSF awer net. D'Banke wiere gutt kapitaliséiert a wann d'Zënsen elo nach weider zréckginn an d'Immobiliëpräisser sech stabiliséieren, géifen an deem Mooss och net nach därmoosse méi Ausfäll derbäi kommen. Et ass keng Kris en vue, sou de Claude Marx.
 
Allgemeng läit Lëtzebuerg bei der Verschëldung vun de Stéit op der drëtthéchster Plaz. Just a Schweden an Dänemark ass d'Verschëldung méi héich. Well et awer keng Kreditzentral zu Lëtzebuerg gëtt, hätt een u sech mol kee globaalt Bild iwwert d'Verschëldung vun de Privatpersounen.
 
De sougenannte Comité du risque systémique, dee sech aus Vertrieder vu Regierung, Zentralbank, CSSF a Commissariat aux assurances zesummesetzt, huet a sengem Rapport vum 7. Juni notéiert, datt d'Immobiliëpräisser zu Lëtzebuerg a verschiddene Segmenter nach ëmmer iwwerevaluéiert ("surévaluation") sinn. Se leien also iwwert dem eigentleche Marchéswäert. De Claude Marx an de Comité du risque systémique féieren dat op déi strukturell héich Demande no Wunnengen zréck.

Invité vun der Redaktioun: Claude Marx

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.