Net déi éischte KéierProbleemer mat der Hygiène a Flüchtlingsstruktur

Monica Camposeo
Dany Rasqué
An de soziale Medie goufe Fotoe aus Flüchtlingsstrukture publizéiert, déi schockéieren.
Problemer mat der Hygiène a Flüchtlingsstruktur
Net déi éischte Kéier

Lavaboen, déi esou verstoppt sinn, datt se bis uewenhi voller Waasser sinn; Toiletten, déi net manner verstoppt sinn an dat erausgespullt hunn, wat eigentlech an der Kanalisatioun sollt landen a Gedéiesch, do wou ee soll schlofen. Jo, dat gëtt et zu Lëtzebuerg. Zum Beispill um Kierchbierg am Centre de primo-accueil Tony Rollman. An Tëschenzäit ass gebotzt, heescht et vu Leit, déi do ënnerbruecht sinn, mä fir wéi laang?

Et ass bei wäitem net déi éischte Kéier, datt et Problemer mat der Hygiène a Flüchtlingsstrukture gëtt. Och de Centre de primo-accueil Tony Rollman, déi Plaz, wou Flüchtlingen ënnerkommen, déi grad zu Lëtzebuerg ukomm sinn, huet scho vu sech schwätze gedoen. Natierlech sinn d’Leit frou, an engem Land ze sinn, wou se keng Angscht viru russesche Bomme méi mussen hunn, mä zu engem sécheren Ëmfeld gehéiert méi, fënnt d’Galina, déi mat hiren 3 Kanner am Tony Rollman ass.

“Sécherheet bedeit fir mech net nëmme n,wäit vum Krich ewech ze sinn. Et geet och ëm Dignitéit, Kloerheet an ech wëll meng Kanner beschützen.”

Den Oleksandr och. Hien haust zënter bal 5 Méint mat senger Fra an de Kanner am Alter vun 3 a 6 Joer am Primo-accueil.

Uganks Januar huet dat jéngste Kand 5 Deeg misse wéinst enger Gastroenterite am Spidol bleiwen. Den Dokter huet schrëftlech confirméiert, datt déi schlecht Hygièneskonditioune Schold um Bouf sengem Zoustand waren. Donieft kruten d’Eltere gesot, datt hire Fils net deen eenzege klenge Patient aus der Struktur Tony Rollman wier. Dacks zécken d’Leit awer, fir sech iwwert den Zoustand am Primo-Accueil ze beschwéieren. Zum Deel, well se sech net gutt ausdrécke kënnen, mä net nëmmen. Dat confirméiert de Serge Kollwelter, dee sech zënter Joerzéngte fir Flüchtlingen an hir Rechter engagéiert.

“Wa se an der Prozedur sinn, dann ass hir Situatioun nach onstabel an da wäerte se sech och emol schwéier dinn, eppes ze soen. Och wann dat ganz berechtegt Kriticke sinn wéi déi ,déi mer elo op deene Fotoe gesinn hunn. Et besteet Handlungsbedarf fir d’Regierung.”

Nawell géif näischt geschéien an et wier keen Drock do.

Dat Eenzegt wat envisagéiert war, dat war, fir d’Strukturen aus dem Kommodo-Inkommodo-Gesetz erauszehuelen, an deem et notamment ëm d’Sécherheet a Salubritéit geet. Deemno wier net méi d’Inspection du travail et des mines zoustänneg fir d’Kontrollen, mä den ONA, den Office national de l’accueil, dee sech da quasi selwer géif kontrolléieren. Dat entspriechend Reglement wier awer vum Ordre du jour vum Staatsrot erofgeholl ginn.

“Alleguer d’Strukture vum ONA géifen, wann dat groussherzoglecht Reglement dann eng Kéier ugeholl géif ginn, aus de Bestëmmungen an ech géif och soen aus de Garantië vum Kommodo-Inkommodo-Gesetz erausgeholl ginn.”

Problemer gëtt et definitiv net just am Primo-accueil um Kierchbierg, mä de Serge Kollwelter nennt den Don Bosco an d’Struktur zu Zolwer. Donieft krut RTL och Videoe vun Ettelbréck zoukomme gelooss.

Zu der Fro, wisou de Ministère d’Refugiésstrukturen aus dem Kommodo-Gesetz wëll eraushuelen, koum dës schrëftlech Äntwert:

“Als éischt ass et wichteg, ze rappeléieren, dass d’ONA-Strukture säit 2012 bis viru kuerzem guer net ënner d’ITM-Nomenclature gefall sinn, wat an där ganzer Zäit och net kontestéiert ginn ass.

De Géigendeel ass de Fall: Dës Flexibilitéit a Reaktivitéit huet et dem ONA eréischt erméiglecht, d’Erausfuerderungen an Urgencë vun de leschte Joer ze bewältegen, wéi d’Syrien-Kris 2015 an d’Ukrain-Kris 2022, wou a ganz kuerzer Zäit vill zousätzlech Better hu misse mobiliséiert ginn.

Och wa rezent d‘Strukture vum ONA an d’Nomenclature vum Kommodo-Gesetz opgeholl goufen, ass no enger verdéifter Analys séier festgestallt ginn, dass dës Approche net de Besoine vum ONA entsprécht a seng Handlungsfäegkeet staark aschränke géif – notamment a Situatioune vun engem groussen Afflux vu Refugiéen, wou den ONA séier a flexibel muss kënne reagéieren. Och haut, opgrond vun der héijer Saturatioun vum Reseau, ass den ONA op all Bett ugewisen, wat him zur Verfügung steet.

Dat gesot, ass d’Sécherheet vun de Bewunner an dem Personal déi iewescht Prioritéit. Zum engen entsprécht all Struktur, déi vum Staat selwer nei gebaut gëtt, den héchste Standarden a punkto Sécherheet a Salubritéit.

Wat zum aneren de Bestand u Strukture betrëfft, sou gëtt et fir all Struktur e Sécherheetskonzept, et ass qualifizéiert Personal ronderëm d’Auer op der Plaz, et gi Sensibiliséierungs- a Formatiounsaktivitéiten, souwuel fir d’Personal wéi och fir d’Bewunner, ëmgesat an déi technesch Servicer vum ONA si permanent disponibel, fir méiglech technesch Probleemer ze léisen.

Wat den Text selwer betrëfft, esou befënnt dee sech an der normaler Prozedur. Wann den Avis vum Staatsrot bis virläit, wäert dësen ewéi gewinnt analyséiert ginn.”

Wat d’Kriticke vun de Leit uginn, déi op schlëmm Hygièneskonditiounen hiweisen, huet de Ministère op RTL-Nofro och schrëftlech dat hei geäntwert:

“Et ass dem Office national de l’accueil (ONA) seng iewescht Prioritéit d’Sécherheet an d’Salubritéit vu senge Strukturen zu all Moment ze garantéieren. Zu deem Zweck sinn extern Prestatairen, dorënner professionell Botzfirmen, 7 Deeg an der Woch an de verschiddene Strukturen am Asaz.

Spezifesch am Centre de primo-accueil um Kierchbierg sinn dräi Persounen, zesummegerechent, 25 Stonnen den Dag op der Plaz, fir d’Hygiène an d’Salubritéit an de Raimlechkeeten ze garantéieren. Dass et trotz deenen Efforten ëmmer nees zu Vandalismus a Verknaschtunge ka kommen, ass net auszeschléissen.”

Back to Top
CIM LOGO