En Dënschdeg de Moie war d'Demokratie zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mat engem oppene Bréif un de Premierminister Luc Frieden an de Chamberpresident Claude Wiseler wollten de Fabricio Costa vun déi Gréng a siwen aner Politikerinnen a Politiker vun LSAP, DP an CSV den Appell maachen, d’Demokratie misst besser protegéiert ginn. Dee politesche System wier e grousse Privileeg, huet de Fabricio Costa en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview gesot, mä e wier a Gefor. De Rietspopulismus hëlt a ganz Europa an uechter d’Welt zou, bedauert de Grénge Politiker. 
 
D'schwaarz-blo Regierung hei zu Lëtzebuerg wär sécher nach net gläichzesetze mat rietse Regierunge wéi an Holland oder Italien. Dem Fabricio Costa no iwwerhëlt si awer deels de populisteschen Discours vu Riets. Zum Beispill beim Thema Asyl. 
Méi problematesch fënnt de jonke Gréngen awer, dass CSV an DP keng Léisungen hätte fir déi akut Probleemer am Land. Dat wier Nährbuedem fir de Rietspopulismus.

Allerdéngs waren do virdru jo awer och déi Gréng 10 Joer an der Regierung. Och an Däitschland an an Éisträich ware Grénger a Regierunge vertrueden. Ob net och seng politesch Famill mat responsabel wier, fir d’Tendenzen uechter Europa? Sécherlech och zum Deel, gëtt de Fabricio Costa zou. All d’Politiker, egal vu wéi enger Partei, déi an de leschte Joren e politescht Mandat haten, misste sech kritesch hannerfroen.

Elo géif et awer drëms goen, dass d’Parteien aus der Mëtt zesummenhalen, fir d’Geforen, deenen d’Demokratie ausgesat ass, ze bekämpfen, esou de Fabricio Costa vun déi gréng am RTL-Interview. 
 
Ee grousse Sujet an deem Kontext: d'EU-Migratiounspolitik

Déi wier net konsequent genuch ëmgesat ginn. D'europäesch Baussegrenze misste besser protegéiert ginn. Grenzkontrolle bannent der EU wieren awer eng ganz geféierlech Tendenz, gëtt de Fabricio Costa ze bedenken. Ëmmerhi wieren hei grouss europäeschen Acquisen a Gefor.

De Grénge Politiker Costa fuerdert ënnert anerem och, dass demokratesch Institutiounen an den EU-Länner nees gestäerkt, an de sozialen Netzwierker an den Tech-Milliardären hannendru Limitte gesat ginn, ouni awer d'Meenungsfräiheet anzeschränken.
An deem Kontext fuerderen déi jonk Politikerinnen a Politiker an hirem Text mat iwwerparteilechem Geescht d’Regierung an d’Chamber op, d’Medienerzéiung ze verbesseren an d’fräi Press ze stäerken. 
 
Mam Chamberpresident Claude Wiseler hunn déi 8 jonk Politikerinnen a Politiker d’nächst Woch eng Entrevue.
Vum Premierminister Luc Frieden koum iwwerdeems nach kee Retour, huet de Fabricio Costa erkläert.

Invité vun der Redaktioun: Fabricio Costa

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.