E Méindeg de Moie war de Fleegesecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Iwwer déi nächst 5 Joer wäerten am Fleegesecteur iwwer 4.000 Infirmièren an Aide-soignante feelen. Dat sot d'Claudine Bettendroffer e Méindeg de Moien. D'Direktesch vun der Copas, dem Daachverband vu Prestatairen am Fleegesecteur (Alters- a Fleegeheemer a Soins à domicile), war eis Invitée vun der Redaktioun.

Piste fir géint d’Penurie unzegoen

D’Copas hat lescht Woch eng Table ronde organiséiert, fir Iddien ze sichen, fir géint dës Penurie unzegoen. Et wier wichteg, Passerellen tëscht de Fleegeberuffer ze schafen. Zum Beispill mat engem professionelle Bac. Sou notamment tëscht dem Aide-soignant (DAP) an der Infirmière (BTS), well et tëscht deenen zwee aktuell e grousse professionellen Ecart gëtt. Et géing drëm goen, de Leit Karriärsméiglechkeeten ze ginn, erkläert d’Invitée. Well op all Niveau géinge Leit gebraucht ginn. Dës Fuerderung géing och vum Terrain kommen.

Et misst een et donieft de Quereinsteiger onbedéngt méi einfach maachen, fir an de Beruff eranzekommen. Aktuell misst ee mat sengem Beruff ophalen, fir sech kënnen ze forméieren an nees an d’Schoul ze goen. Do wier et besser, Méiglechkeeten ze schafen, dass d’Leit d’Formatioun beruffsbegleedend kënne maachen.

"Mir brauchen endlech een eenheetleche Kollektivvertrag"

D’Grënn fir dës Penurie si ganz ënnerschiddlech. Mee virop seet d’Claudine Bettendroffer, dass un de Kollektivverträg misst geschafft ginn. Am Spidolssecteur kréien d’Infirmièren zum Beispill 17 Prozent méi ewéi am Extra-hospitalier. Dat heescht, an de Alters- a Fleegeheemer an och an den Soins à domicile sinn d’Infirmière manner gutt bezuelt. Dofir ass et eng Fuerderung vun der Copas, endlech een eenheetleche Kollektivvertrag ze schafen. Egal wou eng Infirmière schafft, misst se nämmlecht valoriséiert ginn.

De Beruff attraktiv halen

Wärend der Pandemie wier nach vill fir d’Fleegepersonal geklappt ginn. Doduerch hätt een hir Aarbecht valoriséiert an dat misst och elo nees gemaach ginn. D’Claudine Bettendroffer huet e Saz vun der Table ronde d’lescht Woch zitéiert a seet, et wier wichteg, fir den Image vum Fleegepersonal sexy ze halen. Et géing een nämlech gesinn, dass ëmmer manner Jonker sech am Lycée technique pour professions de santé, dem LTPS, aschreiwen. Dofir wär et wichteg, de Beruff attraktiv ze halen mat Karriärsméiglechkeeten, Flexibilitéit an och enger gudder Pai. An et wier wichteg, de Jonken ze weisen, dass et een interessante Beruff wier an dass een do a ganz ville verschiddene Beräicher kéint schaffen. Vun Altersheemer bis am Domaine Handicap, sou d’Direktesch vun der Copas Claudine Bettendroffer.

Invité vun der Redaktioun: Claudine Bettendroffer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.