En Dënschdeg de Moie war d'Kritik un der Gewerbeinspektioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Ech sinn enttäuscht a veriergert", esou d'Reaktioun vum Direkter vun der Gewerbeinspektioun Marco Boly zu de Kriticke vu Commerce an Horesca, datt d'ITM ze streng oder ze aggressiv géing kontrolléieren. Eisen Invité vun der Redaktioun erkläert, dass een 2014 an der Prese nach als “zahnlosen Papiertiger” betitelt gouf an 2020 op eemol als “Wadenbeisser”, deen der Ekonomie awer géing hëllefen. Mëttlerweil hätt een also d’Tollwut an et géing ee reprochéiert kréien, Saachen ze maachen, déi net an der Rei sinn.

Ronn 4.900 Euro pro Amende fir Lëtzebuerger Betriber

Ënnert anerem géifen Zuele vun de Kritiker deels falsch benotzt ginn an de Succès vun der ITM géing géint si genotzt ginn. Et géing ëmmer nees vu 17.000 Kontrolle geschwat ginn. 13.000 dovunner géingen awer am Detachement gemaach ginn, also bei Betriber, déi op Lëtzebuerg kommen an déi kee Sëtz hei hunn. Domat géing een d’Lëtzebuerger Ekonomie schützen, ënner anerem och géint de sozialen Dumping. An dat wier den Equivalent vun den 9 Milliounen Euro Protokoller. Hei zu Lëtzebuerg hätt ee ronn 4.300 Betriber kontrolléiert an dofir 1.100 Amenden ausgeschwat an Héicht vu 5,4 Milliounen Euro. Dat heescht 75 Prozent vun de Betriber wieren an der Rei gewiescht respektiv konnte sech regulariséieren no deene Virschléi, déi si gemaach kruten. Am Schnëtt läit eng Amende fir Lëtzebuerger Betriber bei ronn 4.900 Euro. Domat léich een am ënneschte Segment vun de Strof-Méiglechkeeten. D’Inspection du travail et des mines kann nämlech tëscht 251 a 25.000 Euro Protokoller schreiwen, erkläert de Marco Boly. Et géing een allgemeng driwwer nodenken, fir d’Wuert “Kontrollen” ëmzedeefen. Dat géing ze vill negativ kléngen. Eigentlech wier et jo eng Preventiounsmesure. Dat géifen och d'Zuele weise vu Betriber, déi sech duerno konnte konform setzen.

Mir sollen déi schwaarz Schof aussortéieren

Bei enger Kontroll géingen déi éischt 7 Matièren, déi gekuckt ginn, och 65 Prozent vun den Infraktiounen ofdecken. Dat si 14 Prozent Problemer mat Salairen, 12 Prozent Entloossungen, 11 Prozent Congé, 8 Prozent Detachement, 8 Prozent Durée de travail a 5 Prozent Securité santé. "Wann dat net schwaarz Schof sinn, da muss ee mer emol verdéngt erklären, wat sinn da schwaarz Schof oder sinn dat wäiss Schof mat schwaarze Flecken, dann ass dat eppes Neies, wat mer net kennen an da musse mer kucken, wéi mer dorobber kënne reagéieren", esou de Marco Boly.

Sinn d’Kontrollen ze vill aggressiv?

D’Reprochë vum Commerce, vun der Horesca an och vun de Wënzer sinn nieft ze vill aggressive Kontrollen och de Fait, dass ee keng Zäit géing kréien, fir sech konform ze setzen, an dass et ganz schwéier wier, d’ITM z’erreechen, fir am Gespréich eppes ze klären. "Dat stëmmt net", seet de Marco Boly. D’ITM géing Delaie ginn. Wann ee Betrib déi net kéint anhalen, kéint ee säi Sachbearbeiter uruffen an Delaie verlängeren. Och datt déi zoustänneg ITM-Mataarbechter schwéier erreechbar wieren, kéint een net verallgemengeren. A wann net, da wier den ITM-System esou organiséiert, dass d'Leit ëmmer géingen zeréckgeruff ginn.

"Mir hunn nach vill Verbesserungspotential"

Den Direkter vun der Gewerbeinspektioun gëtt awer och zou, dass sécher Verbesserungspotential do wier. No den Doleancen aus dem Horeca-Secteur hätt een Informatiounsversammlungen organiséiert, och mam Secteur Vitivinicol. An natierlech kéint hien net ofstreiden, dass, wa 5-6 Kontrollen den Dag gemaach ginn, Inspekteren och alt emol um 12 op der Matt am Restaurant sti fir eng Kontroll.

2022 goufen iwwregens och 31 Mataarbechter vu Liwwer-Plattforme wéi Wolt, UberEats oder WeDely kontrolléiert. 2023 waren et der 24 an dëst Joer goufe schonn 90 Plattform-Aarbechter kontrolléiert. Do gëtt gekuckt, ob si ee Statut als “Independant” hunn oder ob se an engem Lien de subordination an deemno Salarié sinn. Grad bei de Liwwer-Plattformen hätt een et dacks mat sougenannten "Fausse-Indépendancen" ze dinn. An deem Secteur géing vill gefuscht ginn, erkläert de Marco Boly.

Invité vun der Redaktioun: Marco Boly

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.