Siwe Poliziste blesséiertOnrouen no Champions-League-Titel: Paräisser Police hëlt iwwer 400 Leit fest

RTL mat AFP
Nodeems de PSG e Samschdeg den Owend d'Champions League gewonnen huet gouf et massiv Onrouen a Frankräich, sou datt d'Police iwwer 400 Persoune festgeholl huet.
Supporter zu Paräis feieren den zweeten Champions-League-Titel fir de PSG, 30. Mee 2026.
Supporter zu Paräis feieren den zweeten Champions-League-Titel fir de PSG, 30. Mee 2026.
© ROMEO BOETZLE/AFP

No der Victoire vu Paris Saint-Germain an der Champions-League-Final zu Budapest koum et a Frankräich, besonnesch an der Haaptstad, zu gewaltsamen Tëschefäll. Dausende Leit sinn op d'Strooss gaangen, wat zu engem Ausnamezoustand gefouert huet.

D'Police huet am Ganze 416 Persounen am Zesummenhang mat den Onroue festgeholl. Am Paräisser Zentrum eleng goufen et iwwer 280 Festnamen, esou de franséische Banneminister Laurent Nunez.

Hien huet d'Gewalt, bei där siwe Poliziste blesséiert goufen, als "absolutt inakzeptabel" bezeechent.

Back to Top
CIM LOGO