E Mëttwoch de Moie waren d'Kollektivverträg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

An der EU-Direktiv iwwert d'Kollektivverträg stéing kloer dran, dass d'Gewerkschaften d'Exklusivrecht hunn, fir Kollektivverträg ze verhandelen. Dat a Fro ze stellen, wär provokativ, esou de fréieren EU-Kommissär fir Aarbecht a Soziales, den Nicolas Schmit, am RTL-Interview de Mëttwoch de Moien. A wann dat gemaach géif ginn, wär dat eng kloer Violatioun vun der EU-Legislatioun.

Rezent gouf et jo e relativ turbulenten Hin- an Hier tëscht dem Aarbechtsminister Georges Mischo vun der CSV an de Gewerkschaften. Ausléiser war eng Reunioun, an där et ëm den Aktiounsplang goung, wéi d‘Regierung déi EU-Direktiv iwwer Mindestléin a Kollektivverträg kéint ëmsetzen. An den Aarbechtsminister wollt de Gewerkschaften hiert Exklusivrecht net a Steen meesselen.

De Premierminister Luc Frieden hat duerno richteggestallt, et wär keng Intentioun do, de Gewerkschaften hiert exklusiivt Recht, fir Kollektivverträg ze negociéieren, ewechzehuelen. An awer hat hie sech gefrot, ob all Detail misst a Kollektivverträg gekläert ginn.

Et wär eng kloer Ofschwächung vun de Gewerkschaften an de Salariéen, wann zum Beispill d‘Aarbechtszäiten aus de Kollektivverträg erausgeholl géife ginn, fënnt de fréieren EU-Kommissär Nicolas Schmit. An all EU-Direktiv gëtt et och e sougenannte "Regressiounsverbuet", dat heescht, deen Text däerf net esou ëmgesat ginn, dass Rechter a Protektioune vum Salarié ofgebaut ginn.

Zil vun der besoter Direktiv ass et, dass an all EU-Memberstaat 80 Prozent vun de Salariéen an engem Kollektivvertrag sinn. Zu Lëtzebuerg sinn et aktuell tëscht 50 a 60 Prozent. Domat léich Lëtzebuerg am europäesche Mëttelfeld. Fir besser ze ginn, misst een d'Entreprisë motivéieren, méi Kollektivverträg ze maachen. Zum Beispill: Firme mat Kollektivverträg bei ëffentlechen Ausschreiwunge bevirdeelegen. Iwwerdeems bréicht et méi sektoriell Kollektivverträg, betount de Sozialist. Do sollt d‘Regierung d‘Kollektivvertragswiese moderniséieren. 
 
Upassung no uewe vum Mindestloun
 
Wat de Mindestloun ugeet, fuerdert den Nicolas Schmit, dass den Ënnerscheed zur allgemenger Lounentwécklung misst no an no reduzéiert ginn. De Grand-Duché hätt zwar, mat 2.570 Euro de Mount beim net-qualifizéierten an 3.085 beim qualifizéierten, déi héchst Mindestléin an der EU an awer géif ee bei de vun der Kommissioun proposéierte Referenzen zum Median, respektiv der Moyenne vun de Salairen am Land, net gutt do stoen. Am Sënn vun der EU-Direktiv iwwer Mindestléin sollt d‘Lëtzebuerger Regierung Upassungen ustriewen. Dat seet den Nicolas Schmit, deen deen Text als deemolegen EU-Kommissär fir Aarbecht a Soziales ze veräntwerten huet. 
 
Keng politesch Ambitioune méi 
 
Iwwer seng Enttäuschung, dass hien als Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialisten elo net Member an der neier EU-Kommissioun vun der Presidentin von der Leyen ass, wollt den Nicolas Schmit net méi schwätzen. Mat sengen 71 Joer wär et gutt, elo manner laang Deeg ze hunn. Aktivitéiten, déi mat sengem Know-How am Beräich Aarbecht a Sozialem ze dinn hunn, gëtt hien awer net ganz op.

Hie bedauert et awer, dass d‘Europäesch Sozialisten trotz raisonnabele Resultater bei den Europawalen an der EU-Kommissioun ënnerrepresentéiert wären an dass awer de rietsextreemen Italiener Raffaele Fitto och nach ee vun de Vizepresidente vun der Kommissioun ginn ass. Dat géif weisen, dass d‘Europäesch Vollekspartei bereet wär, och Allianzen un de politesche Borden anzegoen, esou den Nicolas Schmit.

Invité vun der Redaktioun: Nicolas Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.