Mir musse kloer Reegele setzen, well d'Demokratie ass a Gefor
E Méindeg de Moie waren d'EU a speziell d'Liewensmëttelproduktioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Keen Dag géing deem Anere gläichen an et wier e ganz intensiivt Schaffen. Dat sot den neie Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen, e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, iwwert den éischten annerhallwe Mount op sengem neie Posten zu Bréissel. Et wier ganz interessant, elo Deel vun der Exekutiv ze sinn an domadder och een Initiativrecht ze hunn, fir konkret Politik ëmzesetzen.
Den Elon Musk hätt besser, sech mat anere Saachen ze beschäftegen
Déi europäesch Demokratie ass an enger Kris. Et wier awer net just un der EU, fir ze garantéieren, dass d’Demokratie-Prinzippien agehalen ginn, ma och un de Memberstaate selwer. Natierlech géing Bréissel awer Propositioune maachen, sou wéi zum Beispill den "Democracy Shield", deen d’Ursula von der Leyen ugekënnegt huet.
Och déi sozial Medien hätten eng grouss Responsabilitéit. D’Plattforme géingen dacks mëssbraucht ginn fir d’Leit ze beaflossen a populistescht Gedankegutt ze verbreeden, kritiséiert den EU-Kommissär. Et wier fir den Otto-Normal-Verbraucher och schwéier, d’Distinctioun ze maachen, wat richteg a wat falsch ass. Dofir hätt d’EU jo den Digital Services Act op de Wee bruecht. An doduerch géingen och Enquêtë lafen géint TikTok a géint X.
Et misst een elo ganz kloer Reegele setzen, well d’Demokratie wier a Gefor. Den Elon Musk hätt donieft och besser, sech mat anere Saachen ze beschäftegen, wéi sech an d’EU-Politik anzemëschen, fënnt de Christophe Hansen. Well hien d’Suen hätt fir alles ze maachen, wier hien och däitlech méi geféierlech. Dofir wier et wichteg, d’Reegelen fir all d’Sozial Plattformen ze applizéieren, well de Besëtzer vun X misst sech trotz de ville Suen och dorun halen.
D'Bauere sollen nees méi um Terrain sinn a manner um Büro
Et gi genuch Leit, déi Interêt hunn un engem net-gëeenten Europa: Russland, China an d’USA. Et misst ee sech bewosst sinn, dass ee just als Unioun zesumme staark wier, an dass ee misst mat deene Partner zesummeschaffen, mat deenen een och Valeuren deelt. De Christophe Hansen ass jo als Kommissär zoustänneg fir den Agrarberäich an d’Ernierung. Do wiere kuerzfristeg Saache geplangt, beispillsweis fir d’Verhandlungspositioune vun de Baueren ze stäerken, dass se besser Präisser fir hir Produiten kréien. Donieft wëll een och den administrativen Opwand fir d’Bauere reduzéieren. De Bauer soll nees kënne méi um Terrain schaffen, wéi am Büro.
Deloyal Konkurrenz bekämpfen
A Frankräich an an Däitschland waren d’Baueren op d’Stroossen, fir sech géint EU-Importer ze wieren, déi méi bëlleg sinn wéi hir eege Produiten, well sech d’Produzenten an anere Länner net un esou streng Reegele mussen halen. Dat wier eng deloyal Konkurrenz an en plus schlecht fir d’Gesondheet an d’Ëmwelt, sou de Christophe Hansen. Dofir hätt een ugefaangen, Produiten, déi mat verschidde Pestiziden behandelt goufen, déi an der EU net méi däerfe benotzt ginn, net méi z’importéieren.
Ofhängegkeet mécht d'EU vulnerabel
An der Liewensmëttel-Produktioun wier ee schonn a ville Beräicher autark. Et géif een EU-wäit fir 70 Milliarden Euro méi exportéieren, wéi ee misst importéieren. Mee grad a verschiddene Beräicher wéi beim Konsum vu Banannen oder bei Protein-Planzen wier een ofhängeg vun Drëttstaaten. Do misst d’EU sech och Gedanke maachen, wéi een et kéint fäerdegbréngen, méi där Produiten doheem ze produzéieren. Well déi Ofhängegkeet wier och eng Verletzlechkeet.
E weidere Sujet, deen dem Lëtzebuerger EU-Kommissär um Häerz läit wier d’Relève générationelle hinzekréien. Am Moment wiere just 12 Prozent vun de Baueren ënner 40 Joer al. D’Moyenne léich bei 57 Joer. Et misst een de Beruff onbedéngt méi attraktiv maachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.