E Méindeg de Moie war d'Fraude bei der Caritas Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Schlësseläntwert op d’Fro, wéi déi 61 Milliounen Euro bei der Caritas verschwanne konnten, huet d’Spezialkommissioun an der Chamber nach net fonnt. Ma den ewell drëtte President vun der Kommissioun, den CSV-Deputéierte Charel Weiler, huet als Invité vun der Redaktioun betount, dass et net d’Aufgab vun der Kommissioun wier, d’Fro no der Responsabilitéit ze klären.

D’Missioun wier et, Pisten auszeschaffen, fir dass esou eng Fraude net méi virkënnt:

"Mir kucke mat deene Froen, déi mer stellen a mat deene Puzzlestécker, déi mer herno sollen zesummen an e ganze Puzzle zesummeleeën, datt mer nach aner Konklusioune gegeebenenfalls kënnen zéien, fir datt, wéi gesot, esou ee Skandal net méi virkënnt. Dir sot, datt net op all Fro ka geäntwert ginn. Dat ass awer ganz normal. Et ass eng Enquête judiciaire amgaang (..)".

Finanzkontrollen an der Caritas “net déi bescht”

Dass een net op all Froen an der Kommissioun eng Äntwert kréich, wier normal, ma d’Enquête wier amgaangen. De Charel Weiler hofft awer, dass een zum Schluss kéint Konklusioune liwweren. 
Wat awer an de Sëtzunge kloer gi wier, wier dass d’Finanzkontrollen an der Caritas “net déi bescht” gewiescht wieren. 
Och kloer ass fir den CSV-Politiker ginn, dass een d’Caritas net als Caritas hätt kënnen erhalen. Ob d’Iwwernam duerch HUT (Hëllef um Terrain) elo en Transfert d’entreprise war oder net, wier nach net gekläert. En Transfert d’entreprise garantéiert ënnert anerem, dass d’Salariéen hir Avantagen an d’Anciennetéit hale kënnen. Déi Fro missten elo d’Geriichter klären. 
 
Deemnächst géif d’Kommissioun dann d’Vertrieder vun der Caritas héieren. Net kloer ass awer, ob dann och Membere vun der Direktioun kommen. Déi sinn zanter der Affär am Krankeschäin, den Direkter Marc Crochet huet rezent demissionéiert. 

Kredibilitéit vun der Spezialkommissioun: “Farce ass de falschen Terme”

D’Caritas-Kommissioun huet mam Charel Weiler elo schonn deen 3. President, nodeems déi zwee Virgänger wéinst Interesse-Konflikter demissionéiert haten. Dorops gouf et d’Kritik, dass d’Kredibilitéit vun der Kommissioun a Fro gestallt ass. 
Dass dat net optimal ass, wier e Fakt, seet de Charel Weiler. Ma “Farce” wier de falschen Terme.

"Elo als President mierken ech awer, datt de Wëllen do ass, bei eis alleguerten, souwuel d'Majoritéit wéi d'Oppositioun, ee gemeinsame Wee ze goen, a fir herno och Solutiounen ze fannen. Ech gesinn, datt vill Froe gestallt ginn. Et ass een net ëmmer ganz frou, wann een net op all Fro eng Äntwert kritt. Mee ech gesinn awer den Engagement vun all de Memberen an der Kommissioun, fir no vir ze kommen".

D’Konklusioune vun der Kommissioun sollen am Abrëll presentéiert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Charel Weiler

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.