"Ech maachen Iech keng Previsioun, wéi d'Energiepräisser an 12 Méint sinn"
E Méindeg de Moie war de Stroumpräis Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Präishausse vun de Stroumrechnungen ze erklären, ass schwiereg, well do méi Ursaache mat era spillen. Dat sot den Direkter vun der Encevo*, de Claude Seywert, e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. D’lescht Woch hate mer hei op der Antenn e Reportage vun enger Famill, där hir Rechnung ëm 75 Prozent an d'Luucht gaangen ass. Dat obwuel si sech virbildlech verhalen: also Elektro-Auto fueren an eng Wäermepompel plus Sonnepanneauen hunn.
All Energie-Rechnung ass anescht
Wéi déi 75-Prozent-Hausse do zustane kënnt, kritt den Direkter vun Encevo sech net erkläert. Dat wier net dat, wat ee sech erwaart hat an dat wier och net dat, wat Encevo bei hire Clientë gesäit. Déi Leit hätte sech effektiv virbildlech verhalen, fënnt den Invité. Engersäits wieren natierlech déi staatlech Subsiden erofgaangen. Donieft géifen d’Netzkäschten anescht berechent ginn an och d’Fournisseuren hätten deels hir Präisser ugepasst. Erklärunge misst een dofir vu Fall zu Fall sichen. Grad bei de Netzkäschte géing et nämlech dovun ofhänken, wéi ee sech déi lescht Méint verhalen huet a senger Consommatioun. "Tatsaach ass, dass mer an eng Logik kommen, wou een net ka méi esou global soen: dat ass den Energiepräis". Jidderee géing nämlech mat sengem Verhalen, deene Produiten, déi ee benotzt an och jee no Fournisseuren, aner Tariffer bezuelen.
Gi Leit, déi op Nohaltegkeet setzen, bestrooft?
Et dierft een net soen, dass Leit, déi op Nohaltegkeet gesat hunn, elo bestrooft ginn. Et misst ee just déi richteg Referenz huelen. Am Verglach mat enger Masuttsheizung oder engem Bensinnsauto wiere Wäermepompel an Elektro-Auto nämlech nach ëmmer méi bëlleg. Insgesamt ginn d’Energiepräisser an d’Luucht, dat géing stëmmen. Och d’Hëllefen, déi d’Leit kréien, wieren net méi esou héich. Mee dobäi misst een och soen, dass d’Zil vun der Energie-Transitioun net war, fir d’Energie méi bëlleg ze maachen, mee méi nohalteg. Vum 1. Januar un ass et méi deier ginn, mam Elektroauto ze fueren, wéi nach d’lescht Joer. Dat wier richteg, well de Stroum net méi souvill vum Staat gedeckelt gëtt. Mee et wier ëmmer nach besser a méi bëlleg wéi e Bensinn- oder Dieselauto.
Keng Previsioun, wéi d'Stroumpräisser an 12 Méint sinn
Wat d’Stroumpräisser ugeet, sot de Claude Seywert: "Ech maachen Iech keng Previsioun, wéi d'Energiepräisser an 12 Méint sinn." Dat géing vun der internationaler Geopolitik ofhänken an et hätt een an de leschten Deeg gesinn, dass zimmlech vill Rumouers ass an do misst ee kucken, wou d’Präisser higinn. Dat géing vum Weltmarché ofhänken. Fakt wier, dass d'Rohstoffer wéi Pëtrol a Gas haut an den USA, a Russland an am Mëttleren Oste sinn, an dass besonnesch Asien an Europa mussen akafen. Nom Ukrain-Krich hätte mer vill vu Russland ewechgeholl an dann aus Amerika akaaft. Dofir hätt Europa jo och u Kompetitivitéit verluer.
Energietransitioun: Mir brauche méi Intelligenz am System
2019 waren nach 80 Prozent vun der Energie, déi hei am Land consomméiert gouf, aus Gas a Pëtrol. 2021 waren et nach 78 Prozent. 2023 waren et nach 75 Prozent. Den Deel vun de fossillen Energië geet also zeréck an et géing een hei am Land och ëmmer méi grénge Stroum produzéieren. 2019: 12 Prozent, 2021: 15 Prozent an 2023 war Lëtzebuerg schonn op iwwer 20 Prozent. Och do géing een also eng Progressioun gesinn.
Et misst ee sech awer bewosst sinn, dass een aktuell derbäi wier, ee ganze System ëmzebauen. D’Produktioun ännert sech. Mat erneierbaren Energië wier dat vill méi imprevisibel. An op der anerer Säit géing sech och d'Consommatioun vill änneren. Elo bräicht een och Energie fir d’Mobilitéit a fir ze heizen. Dofir misst de System tëscht Produktioun a Consommatioun och geännert ginn an do stéingen d’Netzer un éischter Stell. Déi missten ausgebaut an ëmgebaut ginn. Do wier d’Fro vum Stockage och e wichtegt Element. Mee virop misst een och méi Intelligenz an de System erabréngen a méi moossen.
Cybersécherheet: Mir ginn zanter dem Ukrain-Krich méi attackéiert
Zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich hunn informatesch Attacken op d’Systemer vun Encevo staark zougeholl. Den Energiesecteur stéing definitiv méi am Fokus. Dat nämmlecht géingen och d'Banke constatéieren. Et kéint een dervun ausgoen, dass déi Attacken aus Russland kéimen. Dat géing vun harmlose Phishing-Emaile goen, bis hin zu Versich, fir Viren an de System ze schleisen. Dofir hätt een natierlech intern d’Ekippe verstäerkt, ganz besonnesch bei der Creos, déi jo wierklech déi kritesch Infrastruktur bedreiwen, erkläert den Direkter vun Encevo, Claude Seywert.
*Zum Encevo-Grupp gehéieren d'Enovos, déi Energie akeeft, produzéiert a verkeeft an d'Creos, déi de Reseau bedreift duerch deen de Stroum an d‘Stéit fléisst.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.