75 Prozent méi op der Stroumrechnung
Eng Famill, déi an hirem neien Doheem esou vill wéi méiglech op Nohaltegkeet setze wollt, krut elo am neie Joer eng säfteg Rechnung.
Den 1. Mee 2022 matzen an der Pandemie a kuerz nom Ufank vum Ukrain-Krich sinn déi éischt Energie-Präisdeckelen hei am Land a Kraaft getrueden. Mam Joreswiessel si se ausgelaf an dat kréien no an no ëmmer méi Leit ze spieren. Een dovunner ass de Marc Morocutti, Familljepapp a Patron vun enger IT-Entreprise. Hien ass 2020 zesumme mat senger Fra an en neit Haus geplënnert. Fir si war kloer: mir setzen op Nohaltegkeet.
“Do hunn mer eng Wäermepompel dragebaut, well Gas a Masutt ass jo “outdated”, dat mécht een net méi. Elo hunn ech de ganze Package. An dëst Joer, vläicht well se Angscht gemaach hunn, dass Subsiden oflafen, do hunn mer och Solarpanele kritt. Dat heescht, am Oktober si se komm, fir déi um Daach z’installéieren. An u sech probéiere mer alles ze maachen, wat de grénge Bierger soll maachen, fir nohalteg ze sinn.”
Vun 266 Euro op 465 Euro - beim gläiche Verbrauch
De Stot Morocutti kritt d’Stroum-Rechnung vun hirem Fournisseur ëmmer Ufank des Mounts. “An zum Gléck souz ech op mengem Computer, well do wier ech bal op den Aarsch gefall, wéi ech gesinn hunn, dass déi op eemol 465 Euro war. Dunn hunn ech gesinn, dass ech awer bal dat nämmlecht verbraucht hat. An do ass meng Rechnung awer vun Dezember 265 op Januar 466 Euro an d’Luucht gaangen.”
Ouni Deckel wier de Präis vum Elektreschen dëst Joer fir en duerchschnëttleche Verbrauch ëm 60% eropgaangen, sou hat et vum Statec geheescht. D’Regierung huet awer versprach, dass d'Hausse um Stroum dëst Joer op 30% limitéiert gëtt, erkläert de Minister fir Energie Lex Delles:
"Dass mer e 'Phasing out' maachen. Well mer net wëlle vun haut op muer dee grousse Coup hunn. Dofir elo 30% an 2026, wou mer wëssen, dass d'Präisser erofginn, wäert et net méi néideg sinn".
Kommunikatioun vun der Regierung war net transparent
Et wier net gutt kommunizéiert ginn, fënnt de Familljepapp vu Mamer. “D’Kommunikatioune waren net ëmmer ganz transparent. Do stoung, et geet e bëssen an d’Luucht. Op RTL stoung een Artikel, dee sot 30 Prozent fir de normale Utilisateur. An do hunn ech geduecht, 30 Prozent dat geet, dat fält net op. An elo sinn et der awer op eemol 75 an dat ass awer vläicht eppes bëssen Aneres.”
Den IT-Entrepreneur fiert selwer aus Iwwerzeegung zanter 10 Joer mam Elektro-Auto a passt mat enger App extrem gutt op, wéini wat am Haushalt geluede gëtt. Dobäi geet et drëm, fir de Spëtzereferenzwäert net z’iwwerschreiden.
“Mäin Auto muss jo net ëmmer a 5 Minutten gelueden sinn. Dat heescht, wann ech gesinn hunn, dass ech Capacitéit um Reseau fräi hunn, dann lueden ech e vläicht direkt, wann ech owes nach eemol fort muss. Mä wann ech muss moies fort, da kann ech astellen, dass den Auto eréischt um hallwer 1 an der Nuecht luet, wa keen Trockner, keng Wäschmaschinn a keng Spullmaschinn leeft.”
Mir missten eis all ëmstellen, mee sou gëtt keen encouragéiert
Op Nofro beim zoustännege Fournisseur heescht et iwwregens , dass eng Rei Clienten an de leschten Deeg ugeruff hunn, wéinst zolitten Haussen.
“Et ass schued eben hei den Fouss bei d’Këscht ze kréien. Fir ze soen: hei ech sinn ganz op Elektro gaangen. Ech hunn keen Gas, keen Masutt, ech maachen alles propper. Ech maachen alles wat ech kann. A BANG ginn ech awer hei bestrooft, obwuel ech näischt falsch gemaach hunn."