En Dënschdeg de Moie goung et an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" ëm d'Sécherheet an Europa an d'Ënnerstëtzung vun der Ukrain.

D’Situatioun mam Ukrain-Krich ass komplizéiert an ass elo nach méi komplizéiert ginn duerch den amerikanesche President, deen net méi sou transatlantesch a sou multilateral denkt wéi déi Presidente virun him. Dat sot de fréiere grénge Verdeedegungsminister François Bausch um Dënschdeg de Moien. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

De grénge Politiker ass trotz dem aktuelle Behuele vum Wäissen Haus zouversiichtlech, dass wann en NATO-Land attackéiert géif ginn, den Artikel 5 och weiderhi géif spillen an deemno déi ganz NATO, also och d'USA, wäerte mat intervenéieren.

Sti mer virun engem Drëtte Weltkrich? "Ech géif elo d'Saach net iwwerspëtzen, mee et ass eng Gefor do", äntwert den Ex-Defenseminister. Et géif net drëms goen, de Leit Angscht ze maachen, mee nom Mauerfall 1989 hätte mir all e bëssen an der Illusioun vun engem éiwege Fridden an Europa gelieft. "Mir hunn eng Situatioun erlieft iwwer 80 Joer, déi zimmlech exzeptionell war, wann een d'Geschicht vun Europa kuckt". Elo wier Krich un den europäesche Grenzen an d'Gefor, datt dee sech ausbreet, wier reell.
 
Punkto Militär-Depensen: Scholde sinn net gläich Scholden

Wat méi héich Militär-Depensen ugeet, do wier et wichteg, datt een europäesch an net national denkt. Déi 27 EU-Memberstaaten haten d’lescht Woch gréng Luucht gi fir een 800 Milliarden “Re-Arm Europe”-Defensepak. D’EU huet och de Wee opgemaach fir Scholden opzehuelen. De Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth huet sech d’lescht Woch dogéint ausgeschwat, fir Scholde fir Defenseausgaben opzehuelen. Do kontert de François Bausch, dass ee misst ënnerscheeden, ob Scholde gemaach gi fir z’investéieren, an Infrastrukturen zum Beispill, oder Scholde fir Konsumausgaben, wéi zum Beispill d’Erofsetze vun der TVA am Beräich vun der Gastronomie. Den Ex-Defenseminister mengt net, dass et méiglech wier, déi enorm héich Zommen an der Defense just iwwer Recetten ze bezuelen. Et misst ee Scholde maachen an an Infrastrukturen investéieren, déi duerno e Retour fir d’Gesellschaft hunn.
 
Well mat ëffentleche Gelder investéiert gëtt, misst een dann och d’Gewënner vun dëser Kris, aka d’Rëschtungsindustrie, duerno méi héich besteieren. Ouni Nimm ze nennen, hätt eng grouss europäesch Firma dëst Joer een Aktiewäert vun 1.200 Euro. Ufank 2022 hätt en nach bei 83 Euro geleeën. Dat misst awer gerecht gedeelt ginn, dofir missten déi Beneficer duerno méi héich besteiert ginn an dat europawäit. 
 
Blockéiert russesch Milliarden an der EU endlech benotzen

Mam Ufank vum Ukrain-Krich goufen 350 Milliarde russesch Avoiren uechter d’EU blockéiert. 200 Milliarde si Sue vum russesche Staat. Dës solle benotzt ginn, fënnt de François Bausch. An zwar net fir an déi eegen europäesch Rëschtungsindustrie ze stiechen - dat wier e schlecht Signal - mee fir se den Ukrainer ze ginn. D’Englänner hätten dat scho gemaach. D’EU misst onbedéngt nozéien.

Wat eng eege Rëschtungsindustrie hei am Land ugeet, Waffe "Made In Luxembourg", dozou sot de François Bausch, dass ee soll op déi Stäerkte setzen, déi een huet. Do wier Lëtzebuerg am Satellitteberäich an an der Cybersécherheet gutt opgestallt. De Grand-Duché soll d'Suen do asetzen, wou mir och selwer ee Retour économique dovun hunn. Ganz allgemeng gekuckt, misste mer awer vum nationalen Denken an een europäescht Denke kommen. Et géif eis méi bëlleg ginn, mir géinge méi effikass ginn. An dofir misst een d'EU-Kommissioun elo nach méi drécken. D'Kommissioun wier um gudde Wee. An et géing een nees gesinn, dass et an enger Kris heiansdo méi séier geet a méi Fortschrëtter gemaach ginn, fënnt de François Bausch.

Invité vun der Redaktioun: François Bausch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.