Ännerungen am Aarbechtsrecht: Fir d’éischt e "Gesamtpackage"?
E Méindeg de Moie waren d'Pläng vun der CSV-DP-Regierung ëm d'Aarbechtsrecht Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Verschidden Upassungen am Aarbechtsrecht wieren effektiv néideg, well d'Welt virugeet. Dës misst een awer am Dialog oder iwwer Kollektivverträg maachen. Dat sot den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz e Méindegmoien hei op RTL. Hien huet sech gefrot, ob een net besser gehat hätt, als éischt ee “Gesamtpackage” oder “globalen” Accord mat de Sozialpartner ze fannen.
Iwwer all d’Punkten, déi um Dësch leien: d’Hausse vun de legale Sonndesstonnen vu 4 op 8, d’Erweiderung vun den Ouvertureszäiten, d’Verlängerung vun der Referenzperiod bei “plans d’organisation du travail” (POT) vu 4 op 12 Méint oder nach eng Reform vum Kollektivvertragsgesetz.
De Gesetzprojet iwwert d’Sonndesstonnen an de Projet vu Reglement iwwert d’Ouvertureszaite sinn awer schonn deposéiert. Et misst ee Mol d’Avisen ofwaarden, notamment vum Staatsrot. Et wier net un him ze decidéieren, ob een déi elo Mol soll an den Tirang leeën, bis e Gesamtpackage mat de Sozialpartner ausgehandelt wier.
“Voir, juger, agir”
De Marc Spautz huet awer betount, datt iwwer all d’Sujete misst diskutéiert ginn an “net unilateral an eng Richtung”. De soziale Fridde wier ëmmer e Virdeel fir de Lëtzebuerger Wirtschaftsstanduert.
All déi Projeten am Beräich vum Aarbechtsrecht stinn awer am Koalitiounsaccord. Den CSV-Fraktiounschef sot “jo”, mee et stéing net dran "ënner wéi enger Form". Dat eent kéint een iwwert de legale Kader maachen, dat anert iwwert e bilateralen Accord an dat anert iwwert e Kollektivvertrag.
Wichteg wier et elo nees eng "Basis" ze schafen tëscht der Regierung an de Sozialpartner. Misst d’Ëffentlechkeet net méi gewuer ginn, wat dann elo bei deene Sozialronnen diskutéiert gëtt, oder d’Chamber mat agebonne ginn? "Do muss et och heiansdo Mol méiglech sinn an enger klenger Ronn am off ze diskutéieren", esou de Marc Spautz. Dem CSV-Fraktiounschef no kéint dat hëllefen, Situatiounen ze "deblockéieren".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.