Invité vun der Redaktioun (8. Mee) - Jean-Paul OlingerSteiererklärung an e puer Minutten ass d'Zil

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moie waren d'Aarbechtsrecht an d'Rentendebatt Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Jean-Paul Olinger
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

En Donneschdeg de Moie waren d’Aarbechtsrecht an d’Rentendebatt Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Bis e Mëttwoch hu scho 17.000 Leit hir Steiererklärung fir 2024 gemaach, dat sot den Direkter vun der Steierverwaltung, de Jean-Paul Olinger en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, um RTL-Steierdag. Iwwer 11.000 Leit hunn dofir den Online-Assistent genotzt. Dat geet iwwer myGuichet.lu, ass méi séier a manner ufälleg fir Feeler. A bannent 2 Woche kritt ee seng Besteierung, also eventuell Suen zréck.

Mam Assistent dauert d’Steiererklärung déi 1. Kéier ronn eng Stonn oder souguer manner. Wann ëmmer méi Saache “vir-ausgefëllt” sinn, dauert et dono just eng hallef Stonn, oder souguer Minutten, sou de Jean-Paul Olinger.

Zil ass et, datt bis 2028 85% vun de Steiererklärunge mam Assistent gemaach ginn. Aktuell ginn nach 80% op Pabeier ausgefëllt, 10% iwwer PDF a just 10% profitéiere vum elektroneschen Assistent. Wann ee klassesch seng Steiererklärung mécht, dauert et méi laang, dat heescht Wochen oder souguer e puer Méint, bis een eng Äntwert huet. Besonnesch wann een d’Steiererklärung um Enn vum Joer mécht, wa méi Undrang ass. D’Pabeier-Méiglechkeet wäert awer och déi nächst Jore bestoe bleiwen.

Wat d’Moderniséierung vun der Steierverwaltung ugeet, kéim ee gutt virun. Et wier e Prozess, deen iwwer Jore geet, erkläert den Direkter. Et wier een amgaangen, en neien Internetsite ze schafen an en Chat-Bot, fir de Kontakt mat de Leit méi einfach ze maachen an en neien Informatiksystem ass néideg, well aktuell mat vereelzte Systemer geschafft gëtt.

Bei der Steierverwaltung schaffen iwwer 1.100 Leit a 70 Servicer a 24 Gebaier. Si këmmere sech ëm iwwer 355.000 Dossiere vu Privatleit a ronn 122.000 vu Betriber. A suergen derfir, datt 14 Milliarden Euro d’Joer era kommen.

LIVESTREAM RadioRendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO