D'Strofe fir Sexualtäter goufe méi streng gemaach
E Freideg de Moie war ënner anerem Pedokriminalitéit Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Selbstjustiz ass net acceptabel, dofir muss d’Justiz kënne Stroftäter virun hir Verantwortung stellen. Dat sot d’Justizministesch um Freideg de Moien hei op RTL. D’Elisabeth Margue huet op eng Rei Mesuren higewisen, déi d’CSV-DP-Regierung schonn ergraff hätt oder amgaang wier z’ergräifen, fir d’Justiz méi effikass ze maachen.
D’virlescht Joer goufen d’Strofe fir Täter, besonnesch am Beräich vu Sexualverbriechen, scho méi streng, esou d’Elisabeth Margue. Donieft gouf d’Prescriptioun, also Delaie vu wéini un eng Dot verjäert, ofgeännert. Um Instanzewee ass e Projet, fir datt et bei méi schwéiere Verbrieche manner Sursis’e gëtt.
Informatiounen iwwer Verdächteger weiderginn?
E Fall vu Pedokriminalitéit huet rezent d’Land schockéiert, net just wéinst der Natur vun der Dot, mee och well et 6 Joer gedauert huet nom éischte Signalement vun Europol bis zum Urteel vum Täter. Et gëtt eng Rei Erklärungen dofir, dorënner déi, datt et u Personal feelt.
D’Justizministesch huet verséchert: D’Regierung fiert mam Rekrutement vu Riichter, administrativem Personal a Leit fir d’Police judiciaire virun.
Aktuell schafft d’Regierung dann un Ännerungen, déi et erlabe géingen, Betriber oder Veräiner zum Beispill z’informéieren, wann e presuméierten Täter bei hinnen aktiv ass. Et géing natierlech net duergoen, datt eng Plainte gemaach gouf. Et misst schonn eng Instruktioun ginn, e Jugement saiséiert oder eng provisoresch Condamnatioun gesprach sinn.
Méi séier Prozeduren, méi Leit, méi Plaz
D’Justizministesch sicht en Equiliber. Esou och bei der Vereinfachung vum Code de procédure pénale. Et soll méi séier goen, ouni awer, datt d’Rechter vun der Défense ze vill beschnidde ginn. En Aarbechtsgrupp géing iwwerpréiwen, wéi eng eenzel Etappen ee kéint "ewechloossen".
Méi séier Prozeduren, méi Leit, mee och méi Plaz ass néideg. D’Elisabeth Margue huet widderholl wat se am Januar scho sot: et hätt ee scho kuerzfristeg Léisunge fonnt, fir nieft dem hellege Geescht méi Plaz ze schafen. D’Sich no enger neier Cité judiciaire ass nach amgaang, mee do wéilt ee sech "déi néideg Zäit loossen", fir et anstänneg ze maachen.
Der Justizministesch no gëtt et iwwregens och kee Service réduit am Summer: urgent Prozedure géingen am Summer lafen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.