"Sinn erstaunt, wéi vill Leit matschwätzen, déi net am Eenzelhandel schaffen"
E Freideg de Moie war den Eenzelhandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Ech sinn erstaunt, wéi vill Leit sech iwwert d'Sonndesaarbecht an iwwer d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten äusseren, déi guer net am Eenzelhandel schaffen. Dat sot de Robert Goeres vun der Luxembourg Retail Federation e Freideg de Moien, hie war eisen Invité vun der Redaktioun. Et géif ee sech alt virkomme wéi bei engem Futtballmatch, wou jidderee vun der Couche aus géif mat jäizen, dass ee soll méi séier lafen.
Am Eenzelhandel si scho 75 Prozent vun de Leit an engem Kollektivvertrag
Et gëtt eng Theorie, eng Praxis an eng Realitéit. De Commerce huet hei am Land 50.000 Salariéen an dovunner schaffen d'Hallschent am Eenzelhandel. Betriber wéi Grosbusch, Provençal oder Fixmer wieren net vun deenen Ëffnungszäite betraff. "Déi kënnen hir Bananne moies um zwou Auer apaken wa se wëllen an do kréit weider keen Hunn."
Vun deene 25.000 Leit, déi am Eenzelhandel schaffen, wiere 75 Prozent an engem Kollektivvertrag dran. Dat heescht 6.500 Leit hätte kee Kollektivvertrag a géingen haaptsächlech a klenge Familljebetriber mat manner wéi siwe Leit schaffen. "Wou nach Famillje-Prinzippien zielen, wou mer nach Valeuren hunn a wou finalement och d'Gewerkschaften net duerno kucken- a wou et och net méiglech ass, iergendwéi e Kollektivvertrag wëllen hierzestellen."
Déi Leit di sonndes schaffen, wëlle sonndes schaffen
De President vun der Federatioun vum Lëtzebuerger Eenzelhandel begréisst de Courage vum Premier, vum Aarbechts- a vum Wirtschaftsminister fir dës Dossieren unzegoen.
"Et ass nëmmen een, deen decidéiert, hei am Land oder an enger Stad, wat fir Commerce iergendwou hinner kënnt. A fir d'Uewerstad ass dat net eis Buergermeeschtesch, mee et ass finalement de Client. An et ass och nëmmen een, deen decidéiere wëll, dass e Commerce op ass, dat ass de Mataarbechter."
De kriteschen Avis vum Staatsrot wéilt de Robert Goeres net kommentéieren, ma hie géing gär all Politiker invitéieren, fir eemol an den Eenzelhandel kucken ze kommen. Am Secteur géing et eng Penurie u Main d'oeuvre ginn. Wann d'Leit net wéilte sonndes schaffen, géinge se och net kommen, behaapt den Invité. Déi meescht wéilten dat awer, well se duerno 2 fräi Deeg an der Woch hu wou se kéinten hir Fräizäit genéissen.
Donieft wéilt hien déi Rumeur widderleeën, dass am Commerce anscheinend just elengerzéiend Mamme schaffen. Am Eenzelhandel schaffen zur Hallschent Männer an zur Hallschent Fraen, erkläert de Robert Goeres.
Si kleng Betriber benodeelegt duerch d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten?
De Staatsrot huet an engem vu den zwee Avisen och kritiséiert, dass duerch d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäite kleng Betriber benodeelegt wieren. Si hätten net déi nämmlecht Ressourcë wéi grouss Enseignen, fir laang kënnen opzemaachen. Déi Kritik léisst de President vun der Luxembourg Retail Federation absolutt net gëllen. Et kéint een net alles an een Dëppe geheien. Mat deem Gesetz géing elo keen op eemol vu moies fréi bis owes spéit opmaachen. Et wier ëmmer nach de Client, deen decidéiert, wéini ee misst opmaachen an do misst een de Commerce schaffe loossen. Deen Ee misst moies fréi um 5 Auer opmaachen, deen Aneren am Dag an nach een Anere misst bis an d'Nuecht opmaachen. "Déi Betriber, déi eng manner grouss Stëmm hunn, déi och de ganzen Dag am Asaz sinn, déi keng Zäit hunn nach ronderëm diskutéieren ze goen, mä looss déi schaffen, wa se gefrot ginn ze schaffen."
Et géing ee kloert Aarbechtsgesetz ginn. Sief et an der Finanzindustrie oder an der Industrie. Do géing kee soen, dass se just zu bestëmmten Aarbechtszäite kënne schaffen.
De Robert Goeres fënnt et donieft dann och "eng Frechheet", dass d'Gewerkschaften net wéilten, dass och onofhängeg Personaldelegéiert Kollektivvertrag kënnen aushandelen. Dat wier, wéi wann ee géing soen, dass d'Delegéierten a kleng Betriber net gutt genuch dofir wieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.