En Donneschdeg de Moie war den Nato-Sommet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Regierung beweegt sech an der Rentendebatt: nodeems de Premier Luc Frieden am Background leschte Samschdeg schonn Ouverture gemaach huet, huet de Vizepremier Xavier Bettel, de Koalitiounspartner also, en Donneschdeg de Moien hei op RTL deklaréiert, hie géing sech e "Cocktail" erhoffen, tëscht de Positioune vun der Regierung an deene vun de Gewerkschaften.
 
Deen, deen 10 Joer laang Premier war mat enger Blo-Rout-Grénger-Regierung an zanter bal zwee Joer Vizepremier mat Schwaarz-Blo ass, huet sech gewënscht, datt et nees eng Vertrauensrelatioun a soziale Fridde gëtt. Jidderee misst e bësse Waasser a säi Wäi schëdden: "Mir héiere jo, datt d'Verlängerung vun den Aarbechtsjoren – dat ass jo, wat mir proposéiert hunn – net gutt ukënnt. Ech héieren, datt vun hirer Säit éischter eng Demande ass, fir Kotisatiounserhéijungen."
 
De Xavier Bettel hofft, datt ee bei de geplangte Gespréicher mat de Gewerkschaften de 9. Juli nees "beienee fënnt". Hie sot och, et wier net d’Zuel u Leit, déi e Samschdeg op der Maniff vun OGBL an LCGB ginn, déi "ausschlaggebend" wier. Eppes wier dem Vizepremier no kloer: Et kéint een net einfach eng "Straussepolitik" maachen, well d'Leit ëmmer méi al géinge ginn. Hien hätt a sengen 10 Joer als Premier ëmmer gekuckt, en Equiliber ze fannen. Meeschtens wier duerno "keen zefridde gewiescht, mee awer och keen ze rosen".

Oprëschtung: Loftofwiersystemer a "Radio Boulaide"

De Xavier Bettel war als Ausseminister déi lescht zwee Deeg mam Premier a mat senger Parteikolleegin, der Defenseministesch Yuriko Backes, um Nato-Sommet zu den Haag. Do gouf decidéiert, d'Ausgabe fir d'Defense op 5 Prozent vum Bruttoinlandprodukt, dem PIB, bis d'Joer 2035 eropzesetzen. Fir Lëtzebuerg wier ee bei 5 Prozent vum RNB, dem nationale Räichtum bliwwen, huet de Xavier Bettel en Donneschdeg de Moie preziséiert. Dat géing nach ëmmer eng Hausse op ronn 3 Milliarden Euro d'Joer duerstellen, mee am Fall, wou et par rapport zum PIB gewiescht wier, wier et eng Hausse op 4 Milliarden, esou den Ausseminister. Hien huet betount, déi lescht Regierungen hätte laang dofir gekämpft, well ee misst de héijer Zuel u Frontaliere Rechnung droen, déi d'Rechnung verfälsche géingen.
 
De Xavier Bettel huet erkläert, d'Hausse op 5 Prozent wier dann och opgedeelt op 3,5 Prozent fir direkt militäresch Saachen an 1,5 Prozent fir indirekt Ausgaben. "Mir hätte gär e bësse Flexibilitéit", esou den Ausseminister. Hie wier viru Kuerzem an anere Länner gewiescht an huet gegeckst: "also d'Kreativitéit, fir wat een do ka rechnen, dat geet iwwert d'Douane, iwwert d'Pompjeeën, iwwert esouguer d'Meteoservicer, vläicht Radio Boulaide (et war wuel Meteo Boulaide gemengt, nvdr) muer." Duerno ass e méi seriö ginn an huet vun de Loftofwiersystemer geschwat, iwwert déi den Defenseministère nodenkt.
 
Den DP-Vizepremier sot engersäits, de wirtschaftlechen Néierschlag vun Defenseausgaben op déi eegen national Ekonomie wiere wichteg. Nodeems hien op déi schwaach europäesch Zesummenaarbecht an der Defense ugeschwat gouf, huet hie sech awer och fir eng Unioun fir eng Defenseindustrie ausgeschwat. "Wann de Kuch méi grouss gëtt, dann ass eist Stéck och méi grouss", esou de Xavier Bettel.

Geopolitesch Mippercher

De Xavier Bettel huet d'Ausso verworf, datt Europa "e Mippche vun den USA" wier. Op d’"Geschläims" vun den Europäer géintiwwer dem US-President Trump um Nato-Sommet ugeschwat huet den Ausseminister zouginn, datt "mir d’Amerikaner brauchen", well ouni si d’Nato ganz schwaach wier an "da wier et net 5 Prozent, mee da wiere mer op ganz aneren Zommen". Duerch méi héich Militärausgabe géing een tatsächlech méi onofhängeg ginn.
 
Wat d’Situatioun am Noen Osten ugeet, wier de leschte Stand dem Trump no, datt d’Wafferou tëscht Israel an dem Iran hale géing. De Xavier Bettel sot, hie wier frou, datt de Katar och net op d’iranesch Riposte op d'US-Bombardementer op d'iranesch Atominfrastrukture geäntwert huet.
 
Iwwerdeems net genee gewosst ass, ëm wéi vill den iraneschen Atomprogramm zeréckgeworf gouf, huet den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu op d'mannst schonn emol erreecht, datt d'geplangte Konferenz iwwert d'Unerkennung vum Staat Palästina zu New York verluecht gouf. De Xavier Bettel huet geäntwert: "ech hunn dem amerikaneschen Ausseminister (Marco Rubio) matgedeelt, hien hätt den Israeelien de schéinste Kaddo ginn (...) Elo misste se (d'USA) e Retour froen an dee Retour wier e Waffestëllstand a Gaza."

Invité vun der Redaktioun Xavier Bettel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.