E Samschdeg war de Premierminister eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

De Premier Luc Frieden huet am leschte Politmonitor zolidd verluer: Minus 10 Prozentpunkten. An och d'Regierung generell huet un Zoustëmmung verluer.

Do hätt hien zwou Reaktioune gehat, erkläert de Premier an eiser Emissioun Background. Dat wier natierlech net flott, mä hie géif probéieren, nozelauschteren a kréich doduerch méi Energie, et besser ze maachen: "Also e bësse wéi an engem Match am Sport, wann ee verléiert, da seet ee jo net, elo hunn ech dat ganzt Championnat verluer, da wëllt een um nächste Match gewannen." Et dierft een awer keng Politik no Sondage maachen.

Resumé vum Background am Gespréich mam Premier Luc Frieden

Am État de la Nation hat de Premier annoncéiert, d’Cotisatiounsjore fir an d’Pensioun eropzesetzen. Dass d’Beiträg selwer erop ginn, wéilt d’Regierung net, well een d’Kafkraaft gestäerkt hätt. D’Wirtschaft wier aktuell net staark genuch, ma nëmme mat enger staarker Wirtschaft kéint een eng staark Sozialpolitik maachen. Mä wann dat gewollt wier, géif ee sech der Diskussioun net verschléissen, d’Cotisatiounen ze héijen, esou de Luc frieden e Samschdeg am Background.

Wichteg wier weider den Dialog. Och op d’Joer 2030 als Ufank vun den neie Mesurë wollt de Luc Frieden sech net méi festleeën. Bei de Pensiounen hätt ee sech en Zil gesat, an de Wee dohi wier op.

Dass zu Lëtzebuerg d’Studie-Joren ugerechent ginn, doru wëllt d’Regierung festhalen. Et bräicht awer eng sonner Reegelung fir schwéier kierperlech Aarbecht. Dass d’DP net iwwert déi annoncéiert Reformpläng informéiert gewiescht wier, léisst de Premier net gëllen, schliisslech hätt de Vizepremier Bettel d’Ried virdru gehat. D’Zesummenaarbecht an der Koalitioun wier "exzellent".

Uganks Juli soll d’Sozialministesch Deprez den Detail vun der Consultatioun publique zu de Pensioune presentéieren, grad wéi och de Finanzminister Roth d’Individualiséierung vun der Steiertabell. Do soll sech un der Klass 1A orientéiert ginn.

Sonndesaarbecht "net wichtegst Gesetz"

De Premier steet wieder hannert de Gesetzesprojeten zu der Sonndesaarbecht an zu de verlängerten Ëffnungszäiten. Et géing drëms goen, sech neie Liewensëmstänn unzepassen. Dem CSV-Kolleeg Marc Spautz seng Suerg, dat géif eng vulnerabel Grupp Leit treffen, deelt de Luc Frieden net: "Sonndes gëtt ni en Dag, wou all Mënsch schaffe geet, a wann, da verdéngt e méi."

Dass e Gesetzesprojet iwwert verlängert Ouvertureszäite Kollektivverträg am Commerce schwäche kéint, dat gesäit de Premier net. Déi dräi formell Oppositioune vum Staatsrot misst ee juristesch préiwen, ma déi politesch Decisioun misst d’Chamber huelen. D’Gesetz iwwert d’Sonndesaarbecht wier och "net dee wichtegste Projet vun dëser Legislaturperiod" - et wéilt ee bei den neien Technologië viru kommen.  

Klimaschutz "extrem wichteg"

Beim Thema Klimaschutz léisst de Luc Frieden d’Reprochë vun der Chambre des Salariés, de Gewerkschaften an dem Mouvement net duerchgoen, d’Regierung géif net genuch fir d’sozial an d’ökologesch Transitioun maachen: "Do hu mer och en Energiedësch gehat, wou mer eng, ech mengen, 50 Moossnamen amgaange sinn ze diskutéieren, zum Deel op de Wee ginn hunn. Mir hu gesot, mir géifen d'Netzkäschten iwwerhuelen, dat heescht, datt d'Leit fir Energie manner musse bezuelen. Alles dat si Moossnamen, déi d'Liewe vun de Leit, besonnesch vun deenen, déi manner Moyenen hunn, berécksiichtegen."

Nato-Depensen: matzéien, awer keng speziell Steier fir Militärdepensen

En Dënschdeg ass den den Optakt vum NATO-Sommet, wou iwwer ënner anerem eng Hausse vun de Verdeedegungsausgabe geschwat gëtt. Den Donald Trump fuerdert scho ganz laang, dass d'Ausgaben op 5 Prozent sollen erhéicht ginn. Hien huet awer an der Nuecht op e Samschdeg kloergestallt, dass dat net fir déi Vereenegt Staate soll gëllen. Washington hätt d'NATO laang genuch ënnerstëtzt an d'USA hätten a ville Fäll 100 Prozent vun de Käschte gedroen. Dofir sollen d'NATO-Länner elo op 5 Prozent eropgoen. Dat wiere fir Lëtzebuerg iwwer 3 Milliarden Euro. Am État de la Nation war de Montant vun 1,2 Milliarde scho fir dëst Joer genannt ginn.

De Premier wëllt sech hei nach net op e Prozentsaz fir d’Zukunft festleeën, et wéilt een zesumme mat dem Ausseminister Bettel an der Defenseministesch Backes d’Diskussioune suivéieren: "Sécherheet ass net nëmme klassesch Defense, déi ass et och, mee et ass och, wéi gesot, eis ganz Infrastrukture schützen, eis Informatik schützen, Satellitten zur Verfügung stellen, eisen Noperen, fir ze wëssen, wat an der Welt sécherheetsméisseg lass ass, dat kascht Suen." Kloer wier awer, dass déi Depensen net géifen op d’Käschte vun anere Politicke goen: "Déi Iddi, datt wa mer elo mussen nei Satellitte kafen, datt mer doduerch keng Crèche oder keen Altersheem méi kënne bauen, dat kann ech de Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger soen, dat wäert net geschéien."

Eng temporär Solidaritéitssteier, fir déi méi héich Depensen ze decken, wier aktuell och keen Thema.
Verschidden Depensen an Infrastrukture kéinten och als Sécherheetsbudget consideréiert ginn, beispillsweis en eventuellen Ausbau vum Findel. Dat géif och de Leit zegutt kommen.

Luc Frieden hofft op "Dialog" mat Sozialpartner

Fir den 9. Juli ass ee Rendez-vous tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften ugesat, déi de Premier awer net als offiziell Tripartite verstane wëllt. "Mir sinn net an enger Kris", betount de Luc Frieden, deemno net an enger Sozialkris. Eng Kris wier doduerch definéiert, dass "d’Ekonomie zeréck geet", dofir wier d’Tripartite geschaf ginn.

De Premier hofft, dass d’Gewerkschaften dann och op dee Rendez-vous kommen. Déi hu jo fir den 28. Juni eng grouss Maniff géint d’Regierung geplangt.

Ob hien deen Dag da wierklech an de Bësch geet, wéisst hien elo nach net. Hie wier mat där Fro e bëssen iwwerfall ginn, mee natierlech géif een déi Maniff eescht huelen.

Background am Gespréich: Premier Luc Frieden
Resumé vum Background am Gespréich mam Premier Luc Frieden
Trotz zolitte Verloschter am Politmonitor: Match verluer, awer net d'Championnat

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.