E Freideg de Moie war de Sozialdialog Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Hie géif e Samschdeg mat Sécherheet op déi national Manifestatioun vun OGBL an LCGB goen, dat sot de fréieren LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch als eisen Invité vun der Redaktioun. E Mëttwoch hat jo nach de President vum Daachverband vum Patronat UEL Michel Reckinger d'Leit am Land opgeruff, doheem ze bleiwen. D'Gewerkschafte géife mat Onwourechten operéieren a wéilte just de Stëllstand.

Grad wéi seng ganz Partei ënnerstëtzt den Dan Kersch, deen an der Zäit de lénke Fligel vun der LSAP vertratt huet, d'Syndikater awer kloer. Et géif déck Zäit, datt sech d'Leit zu Lëtzebuerg géint Annoncë vun der Regierung manifestéieren, déi zu soziale Verschlechterunge féiere géifen. D'Lëtzebuerger hätten net gär, wa se eppes vun uewen erof diktéiert géife kréien. Da géife si sech wieren. Wann eppes geännert soll ginn, sollt doriwwer diskutéiert ginn. Dat wier hei net de Fall gewiescht.
 
Ni vum OGBL bezuelt
 
Ugeschwat op dem Michel Reckinger seng Ausso, den OGBL hätt an de leschten 30 Joer an de Persoune vun "Kersch, Engel, Schmit, Bofferding, Haagen" als Memberen a souguer Salariée vum Onofhängege Gewerkschaftbond mat an der Regierung, also am Zentrum vun der Muecht, gesiess an elo wiere se rosen, well se eben elo net mat schwätze kënnen, huet den Dan Kersch gemengt, "deen Interview géif fir sech schwätzen" a wier kontraproduktiv gewiescht. Dat wat gesot gouf, hätt d'"Leit nach méi rose gemaach a méi motivéiert, fir op d'Strooss ze goen". Et géif ee gesinn, datt d'Patronat vill méi aggressiv gi wier, wéi se dat an der Vergaangenheet jee waren. Dat wier net gutt fir d'Land.
 
Hie selwer hätt wuel eng OGBL-Memberskaart, mä hätt ni fir den Onofhängege Gewerkschaftsbond geschafft, wier also ni vum OGBL bezuelt ginn.

D’Wochenzeitung "Lëtzebuerger Land" hat d’lescht Woch geschriwwen, datt den Dan Kersch elo a senger Pensioun d’Consultingfirma "Strategos Insight" bedreift, déi en am November zejoert gegrënnt huet. Konkret hätt hien am Hannergrond d’Luxair-Direktioun an de Kollektivvertragsverhandlunge beroden. Ugeschwat ob den aktuelle Sozialkonflikt net en interessanten Challenge wier, huet de Politiker gemengt, d’Regierung wier duerchaus gutt beroden, fir sech professionell beroden ze loossen. D’Firma "Strategos Insight" ass, den eegenen Aussoe vum Dan Kersch no, besonnesch am Beräich vun der Mediatioun aktiv an de "psychosoziale Risiken". Vill Clienten hätt hie bis elo nach net.

Sozialdialog verlaangt Empathie a Versteesdemech, dat schéngt e bëssche verluergaangen ze sinn
 
Am Interview huet de laangjäregen LSAP-Politiker ëmmer rëm op d'Wichtegkeet vum Sozialdialog higewisen, a wéi an der Vergaangenheet den Dialog mat de Sozialpartner gesicht gi wier. Wann ee vum Sozialdialog schwätzt, da misst een à priori mol e bëssen Empathie opbréngen, Versteesdemech fir d'Situatioun vun där anerer Säit. An dat schéngt an dësem Moment e bësse verluergaangen ze sinn, sou eisen Invité. Den Dan Kersch huet un d'Regierung appelléiert, fir Verantwortung z'iwwerhuelen, an d'Kar aus dem Dreck ze zéien, fir datt en Dialog nees méiglech ass.
 
Eng Regierung ouni Féierung
 
Wat déi aktuell schwaarz-blo Regierung géing maachen, wier keng Féierung, mee een Duercherneen. A scho ganz onsécheren Zäite géing d'Regierung d'Leit mat hirem "Zick-Zack-Kurs" weider veronsécheren, dat wier geféierlech. De Premier Luc Frieden hätt an der Ried zur Lag vun der Natioun ongefrot scho praktesch e fäerdegt Konzept vun enger Rentereform presentéiert a géing eng Agenda féieren, déi vun "de Patrons-Denkfabricken" geschriwwe wier. Eng Agenda, déi en duerchsetze wéilt ouni Récksiicht op Verloschter. Do wier et awer normal, datt Reaktioune kommen. Et wier och keen Zoufall, datt "entscheedend Sozialministèrë" mat onerfuerene Leit besat gi wieren, mengt den Dan Kersch. De Luc Frieden géif nämlech kee Widdersproch toleréieren. Sou eng Politik géif awer laangfristeg "an d'Verdierwe féieren".
 
Datt den UEL-President d'Avise vum Staatsrot zu den Ouvertureszäiten an der Sonndesaarbecht am Commerce "eng Meenung wéi eng aner" genannt hat, ass an den Ae vum fréiere Staatsrot-Member Dan Kersch, "respektlos".

Invité vun der RTL Redaktioun: Dan Kersch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.