En Donneschdeg de Moie waren d'Pensiounen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Mir hunn et fäerdegbruecht ze weisen, datt d’Land hannert enger Reform steet. Wéi eng Reform dat ass, ass nach eng aner Fro", sot d’Martine Deprez en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun iwwer eng Reform vum Lëtzebuerger Rentesystem. 

D’Manifestatioun vun de Gewerkschafte leschte Samschdeg mat de ville Leit op der Strooss huet si "betraff". D’Suerge misst een entgéinthuelen a vum 9. Juli u mat de Sozialpartner doriwwer schwätzen. Um Ufank vun där Reunioun nächste Mëttwoch misst ee mol nees zesummefannen, fir zu engem Sozialdialog op Aenhéicht ze kommen, deen och funktionéiert, sou d'Ministesch fir Gesondheet a Securité sociale. 

Nach ass näischt decidéiert

Nach wier näischt decidéiert. Et géif fir si och keng Tabue ginn, et soll oppen diskutéiert ginn, awer op Basis vun deem, wat um Dësch läit. Lëtzebuerg huet den niddregste Pensiounsantrëttsalter an déi mannsten eeler Leit, déi schaffen. Do misst ee schonn usetzen. Fir de System ze stäipen, bräicht ee méi Recetten. Wann d’Leit méi laang cotiséieren, hätt ee scho méi Recetten. Doriwwer géif elo vum 9. Juli un zesumme verhandelt ginn. Déi Mesure eleng géif och net duergoen, fir de Rentesystem ofzesécheren, huet d’Ministesch widderholl. 

Sujet vun de Pensioune gehéiert an den "Etat de la nation"

Firwat huet de Premier déi ëmstridden Annonce gemaach an net si? Duerno wär een ëmmer méi gescheit, sot d’Martine Deprez, mä et wär een an der Regierung der Meenung gewiescht an dovunner wär si nach ëmmer iwwerzeegt, datt de Sujet vun de Pensioune sou wichteg ass, datt en an den "Etat de la nation" gehéiert.

Krankekeess och ëmmer méi eidel

Bei der Gesondheetskeess, der CNS, riskéieren d’Reserven 2027 ënnert dem gesetzleche Minimum ze sinn. Do hätt een zwee Aarbechtsgruppen, een iwwer den Absenteismus an een iwwer d'Finanzen. An den Aarbechtsgruppe wär ee gutt virukomm, och wann ee Partner – d’Gewerkschaften – an der Lescht gefeelt huet. Et hätt ee Mesurë fir op den Dësch ze leeën. Mat alle Partner a mam Finanzminister zesummen, wéilt een d’Quadripartite vum Hierscht preparéieren.

Invité vun der Redaktioun: Martine Deprez

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.