En Dënschdeg de Moie war d'Funktioun vum Staatsrot Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Als President vum Staatsrot wier et net seng Gewunnecht, fir Avisen, déi schonn ofginn goufen, nach eemol ze kommentéieren. Dat sot de Marc Thewes en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Déi vill Commentairen ëm déi zwee rezent Avisen iwwer d'Sonndesaarbecht an iwwer d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce géingen och zur Diskussioun bäidroen an déi Leit, déi dës géingen äusseren, wieren domat och an hirer Roll.

De Staatsrot wier net politesch, och wann d'Membere vun Parteie genannt ginn an deels och Parteikaarten hunn. Dat wier eng Fro vun Legitimatioun a géing vun der Verfassung esou virgeschriwwe ginn, fir dass déi héich Kierperschaft d'Kompositioun vun der Chamber erëmspigelt, sou den Invité. Virop ginn d'Membere vum Staatsrot awer wéinst hirer Kompetenz genannt. Diskussioune bannent dem Staatsrot géifen och komplett onofhängeg vu Parteilinnen a Programmer oflafen. An d'Membere vum Staatsrot géingen och just eemol genannt ginn.

Mir ginn e wichtegen Avis, mee dat lescht Wuert huet d'Chamber

An der Verfassung steet "le Conseil d'État donne son Avis sur les projets de loi et les propositions de loi". A genee dat géing ee maachen, präziséiert de President. Et géing een eng ganz Bandbreet vun Iwwerleeungen ofdecken an dat, wat ee géing soen, gefält eng Kéier deenen Engen net an eng Kéier deenen Aneren net. Mä dat lescht Wuert hätt ëmmer d'Chamber. Do géing d'Musek gemaach ginn. Den Avis vum Staatsrot hätt een héicht Gewiicht fir d'Chamber, mee "mir decidéieren net", erkläert de Marc Thewes.

D'Opposition formelle wier och déi eenzeg Aart a Weis, wéi een der Chamber kéint signaliséieren, dass e Punkt besonnesch wichteg ass, wann et ëm d'Recht geet. Wa sech zum Beispill net un d'Verfassung gehale gëtt oder wann europäesch Recht net agehale gëtt. Da misst d'Chamber den Text ofänneren oder de Gesetzprojet misst zwee Mol vun der Chamber gestëmmt ginn. Vill Leit géingen nämlech net wëssen, dass d'Verfassung virschreift, dass am Fong e Gesetzprojet zwee Mol bannent dräi Méint misst an der Chamber gestëmmt ginn, ausser wann de Staatsrot mam Text averstanen ass. Dat géing bal ni virkommen. Zanter dem Krich wier et 65 Mol, dass de Staatsrot d'Chamber forcéiert huet, eng zweete Kéier ofzestëmmen.

426 Avise bannent 10 Méint

De Staatsrot hätt vill Aarbecht, mä Stand haut hätt een genuch Leit, seet de Marc Thewes. Zanter September hunn déi 21 Membere vum Staatsrot ganzer 426 Avise geschriwwen: ënner anerem 156 Gesetzprojeten, 181 Amendementer zu Gesetzprojeten an 69 zu Projete vun Règlements grand-ducaux. An der Moyenne bräicht de Staatsrot fënnef Méint fir een Avis ze schreiwen, fir Amendementen 2,6 Méint an fir Projete vun Règlements grand-ducaux 3,7 Méint. Natierlech géingen eenzel Texter däitlech méi wéi ee Joer, alt bal zwee Joer brauchen, iert den Avis fäerdeg ass. Dat wier kee schlechte Wëllen, mee Texter, bei deenen et Problemer gëtt. Zum Beispill een extrem komplizéierten Text oder wann de Staatsrot op een anere Avis waart oder wann ee gesot kréich, dass nach eemol eppes misst geännert gi vu Regierungssäit.

Interessekonflikter musse gemellt ginn 

De Staatsrot huet streng Reegele géint Interessekonflikter. Dat kéint ee scho gesinn, wann een d'Avise vum Staatsrot géing opmaachen. Do kéint ee gesinn, wéi vill Memberen iwwer een Avis mat ofgestëmmt hunn a wéi vill sech enthalen hunn. Dat géing variéieren, mä Genre all véier bis zéng Avise géing ee gesinn, dass manner Leit mat ofstëmmen, well se een Conflit d'intérêt ugemellt hunn. An déi Umeldung fënnt ganz fréi statt an de Member misst dann natierlech net un dem Avis mat schreiwen, erkläert de President vum Staatsrot. "Ënner menger Presidence, gi mir haut e bëssche méi aggressiv op eis Memberen zou, fir d'Fro ze stellen oder opzewerfen." Natierlech géing dat op der Éierlechkeet vun de Leit baséieren a vun där géing hien och ausgoen, sou de Marc Thewes.

Wat d'Affär vum Lucien Lux ugeet. Do wier ënnert sengem Virgänger eng Sanktioun vum Staatsrot geschwat ginn. Donieft géif jo och eng Enquête vun der Justiz lafen an déi misst een och hir Aarbecht maache loossen, sou nach den Invité.

Invité vun der Redaktioun: Marc Thewes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.