E Mëttwoch de Moie war d'Oppositiounsaarbecht Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invitée vun der Redaktioun: Taina Bofferding

D'Chamber gëtt net genuch vun der Regierung mat agebonnen. Zum Beispill iwwer de Stand vun de Verhandlungen no de Sozialronnen, dat huet d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding am RTL-Interview e Mëttwoch de Moie kritiséiert. 
 
Et wär een als Chamber d’Vertriedung vum Vollek an um Enn misst een iwwer d'Gesetzer ofstëmmen. Den 9. an de 14. Juli souz d’Regierung am Staatsministère mat Gewerkschaften a Patronat beieneen. Den 3. September soll et weidergoen. Datt elo esou laang Paus ass, wier net gutt, fënnt d’LSAP-Deputéiert. Et wär vill Zäit do fir Spekulatioun an et wäre jo och schonn Informatiounen duerchgesickert.

Luc Frieden kee grousse Krisemanager

De Premier Luc Frieden wier leider net souverän a géif sech net als grousse Krisemanager weisen, och wann e selwer Mol sot, a Krisesituatioune géif hien opbléien. Dat géifen d'Dossiere Logement, Caritas a Sozialdialog weisen. D'Taina Bofferding hofft, datt hie verstanen huet, datt een net einfach vun uewen erof kéint decidéieren. Dee ganze Kaméidi hätt net misse sinn.

D'LSAP als gréissten Oppositiounspartei an der Chamber wëll net nëmme kritiséieren, mä och konstruktiv matschaffen. Villes, wat elo ëmgesat gëtt, wier jo och scho vun der viregter Regierung op de Wee bruecht ginn. Et géif een am Déngscht vun de Leit schaffen.

Hunn d'LSAP-Ministere verpasst, fir de Rentesystem ofzesécheren

D’LSAP hat iwwer Joerzéngten d’Responsabilitéit fir d’Securité sociale. Gouf vun de Sozialisten net verpasst, fir de Lëtzebuerger Pensiounssystem nohalteg ofzesécheren? Nee, seet d’LSAP-Fraktiounscheffin. 2012 hätt ee mat der leschter Reform nogebessert an dat misst ee reegelméisseg bei engem Pensiounssystem maachen. Et hätt een och gesinn, datt an Zukunft Schwieregkeete bei de Rente kéinte kommen. D’Bewosstsi wär do gewiescht, datt ee misst u Schrauwen dréine goen. Dowéinst wär de Conseil économique et social gefrot ginn, fir en Avis auszeschaffen, fir Pisten ze fannen, fir de System laangfristeg ofzesécheren.

Wat huet d'Caritas-Spezialkommissioun bruecht?

D’Taina Bofferding ass och d’Rapportrice vun der Spezialkommissioun Caritas. Wärend néng Méint koum déi Kommissioun 24 Mol beieneen. Déi Spezialkommissioun wär net do gewiescht, fir d’Affär opzeklären. Mä et hätt ee probéiert, Zesummenhäng a politesch Decisiounen hannendrun ze verstoen. Ganz wichteg wier och de Volet vun der Preventioun gewiescht, fir de ganze soziale Secteur an Zukunft besser ze protegéieren.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.