E Mëttwoch de Moie war de Leerstand an der Stad Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Commerce an de Stied huet et schwéier. "Mir sinn an der Stad Lëtzebuerg och konfrontéiert mat engem gewësse Leerstand", sot e Mëttwoch de Moien den CSV-Schäffe Maurice Bauer am RTL-Interview.

Ëm déi 11 Prozent vun de Geschäfter an der Stad stinn eidel, woubäi an der Uewerstad den Taux zeréckgaange wier. Op der Gare léich den Taux konstant bei ronn 14 Prozent. Et géif een aktuell probéieren, mat de Proprietären zesummenzeschaffen. Et wéilt een och eng Foire organiséieren, fir nei Franchisen op Lëtzebuerg ze zéien. Positiv wier, dass 2024 sech 37 nei Geschäfter op der Gare etabléiert hätten. Deemnächst soll dann do och e weidert Geschäft dobäi kommen, grad wéi eng public Administratioun. Detailer konnt de Commerce-Schäffen do awer nach net nennen.

Op d’Kritik, dass de mëttlere Präissegment an der Stad feele géing, äntwert de Maurice Bauer, et wier een amgaangen ze kucken, wéi een dat cibléiere kéint: "Ech denken, et ass ëmmer eng Fro vun der Strategie. Et sinn zum Beispill Geschäfter, déi kommen nëmmen op Lëtzebuerg, wa se hei zwee bis dräi Commercë kënnen opmaachen. Datt se vläicht d’Plaz net fonnt hunn. Et ass och d’Fro vun de Loyeren".

Ob méi laang Ëffnungszäiten dem Handel op d’Been hëllefen, dat misst all Commerçant selwer decidéieren. D’Politik wier do, fir de Kader ze ginn. 
 
Kënnt d’Leerstandstax an der Stad? 

D’Stad Esch hat am Oktober 2024 eng Leerstandstax agefouert, déi allerdéngs bis dato net erhuewen. Am Fréijoer krut Esch dunn awer de Feu Vert vum Inneministère. D’Südgemeng confirméiert op Nofro, dass een déi Steier also deemnächst erhiewe géing.

Esou Mesurë wieren an der Stad Lëtzebuerg nach net um Ordre du Jour, erkläert den 1. Schäffe Maurice Bauer: "Mir wëssen, dass se zu Esch bis elo war an dass se bis elo nach net opgehuewe ginn ass. An dowéinst kucke mer elo mol, observéiere mer, ob dat eppes bréngt. An da musse mer eis sécherlech och vläicht nach eng Kéier dermat beschäftegen. Mee à ce stade si mer nach net dorunner."
 
Budgetsrapporter: Accent op Sozialleeschtungen

De Maurice Bauer ass och den nächste Budgetsrapporter an der Chamber. Dat wär eng Éier fir hien. Den CSV-Deputéierten huet widderholl, datt all Euro, deen ee wéilt ausginn, misst fir d’éischt verdéngt ginn. De Finanzminister Gilles Roth hat rezent matgedeelt, dass den Defizit vum Zentralstaat (also ouni Sozialkeesen a Gemengen) dëst Joer ënnert 1,29 Milliarden Euro léich, also ënnert deem, wat ugeduecht war.

D’Sozialpolitik hätt Prioritéit, mä d’Wirtschaft misst ee relancéieren, stäerken an diversifizéieren. Dat wär an de leschte Joren net gemaach ginn. Un der Sozialpolitik géif een net spueren, betount de Maurice Bauer.

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot hat kritiséiert, dass d’Setzen op d’Finanzplaz eng Wett op d’Zukunft vu Lëtzebuerg wier. De Maurice Bauer léisst dat net gëllen: "Wat soll en och anescht soen? Als Oppositiounspolitiker kann en eis jo net näischt soen. Ech mengen ee weess, dass mir als Koalitioun ugetruede sinn, fir d'Leit ze entlaaschten."

A sengem Budgetsrapport wéilt hien den Akzent op Leeschtunge vum Staat leeën, déi Leit ze gutt hunn, awer dacks net ufroen. 
 
Sozialdialog: "Mir hu sécherlech Feeler gemaach"

Op d’Fro, ob hien d’Kritik vum Marc Spautz um Virgoe vun der Regierung am Sozialdialog deelt, äntwert den CSV-Deputéierten: "Mir hu sécherlech Feeler gemaach a mir maachen all Dag Feeler, mee ech mengen et geet drëms, dass ee probéiert, zesummen eng gutt Léisung am Interêt vun de Biergerinnen an de Bierger ze maachen. An dorunner schafft d'Regierung zesumme mat der Majoritéit, mat de Majoritéitsfraktiounen, mat de Sozialpartner drun, fir wierklech am Dialog do zu enger Léisung ze kommen. Ech mengen dat ass dee Wee, dee mer brauchen, an dee mer solle goen".

Et wier een eng Vollekspartei, an där et vill verschidde Meenunge ginn.

Invité vun der Redaktioun: Maurice Bauer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.