En Dënschdeg de Moie waren d'Erausfuerderunge vun de Gemengen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den informateschen Challenge, deen op d’Gemengen duerkënnt, grad mat Bléck op Cyberattacken, wier enorm. Aktuell wier een net esou gutt virbereet, wéi een et misst sinn, sot de President vum Gemengesyndikat Syvicol, den Emile Eicher, en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. 
 
De Gemengesyndikat fir Informatik SIGI war elo nees an de Schlagzeilen, well den neien Direkter niewebäi eng eegen Informatiksfirma hat. Reporter hat dat gemellt. Dat däerf een net als Beamten, respektiv et muss een eng Niewenaktivitéit ufroen, an autoriséiert kréien. Den Emile Eicher betount, hie géif d’Decisioun vum Interieur ganz gutt verstoen, fir déi Aktivitéit ze refuséieren. De SIGI-Direkter huet dat och eréischt nodréiglech ugefrot. Et wier net nëmmen en deontologeschen, mä och en zäitleche Problem.  
 
Allgemeng bräicht een eng Reform vum Management vun de Gemengen an do falen och d’Gemengesyndikater drënner. De Syvicol géif scho laang eng déifgräifend Reform fuerderen. Well bei den Aufgaben hätt sech villes geännert. De System an d’Kontroll misste méi modern ginn. Un enger Reform géif och am Inneministère geschafft ginn.

Formatioun ubidde fir déi Gewielten

Mat Bléck op d’Streidereien a verschiddene Gemenge confirméiert de Syvicol-President, datt dat natierlech keng gutt Reklamm wär fir d’Gemengen oder fir op eng Gemeng schaffen ze goen. Et wier net dem Syvicol seng Aufgab, de Gemengen ze soen, wat se maache sollen. Et wier och evident: "Wou Mënsche sinn, do mënschelt et". De Syvicol wéilt awer proaktiv mathëllefen, fir Problemer ze verhënneren. Fir d’Beamte gëtt et Formatioun, net awer fir déi Gewielten. Dat wëll de Syvicol änneren. Aktuell wier een amgaangen, Formatiounen auszeschaffen, 7-8 Modullen a klenge Gruppen. Och zum Beispill iwwer Konfliktvermeidung a Konfliktmanagement. 

Gemengefusiounen néideg, fir besser Servicer fir d'Leit

D’Aufgaben an d’Missioune vun enger Gemeng hu sech an de leschte Joerzéngte staark verännert. Besonnesch dowéinst wiere Gemengefusioune weider wichteg, fir de Leit och besser Servicer kënnen unzebidden. Méi grouss Gemengen hätten et zum Beispill néideg, spezialiséiert Personal anzestellen. Eng Fusioun dierft awer op kee Fall laanscht d’Leit goen, d’Awunner misste gefrot ginn. Eng Fusioun misst d’Liewen an de Gemenge respektéieren.
 
Mat Bléck op d’Duebelmandater erkläert den Emile Eicher, d’Aufgabegebidder wieren esou "hefteg" ginn, datt een iergendwou misst e Choix maachen, fir sech op dat eent oder op dat anert ze konzentréieren.

Invité vun der Redaktioun: Emile Eicher

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.