E Freideg de Moie waren dem Ben Polidori seng nei Partei an déi rezent Cyberattack Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Virun engem décke Joer ass de Ben Polidori aus der Piratepartei ausgetrueden an ass als Deputéierte bei d’LSAP gewiesselt. Hie wär nach ëmmer frou iwwert säi Choix. A wann hie géing zeréckkucken, wéi alles weidergaangen ass, da wier et effektiv net den falschen Ament gewiescht, fir d'Partei ze verloossen. Dat sot den Deputéierten e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Trotzdeem wier d'Relatioun tëscht him an den zwee Piraten-Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen nach ëmmer ganz gutt.

Iert den Nord-Deputéierten an d’Chamber komm ass, huet hie bei den technesche Servicer vun der Post geschafft fir Reseau-Installatioune bei professionelle Clienten ze maachen. D’Cyberattack viru gutt zwou Wochen hätt gewisen, wéi vulnerabel mer sinn an do misst eppes geschéien. Liewenswichteg Servicer wéi den 112 missten ëmmer kënne fonctionéieren. Eng Iddi, déi elo um Dësch géing leien, wier, fir den nationale Roaming méiglech ze maachen. Also dass een einfach kann de Provider wiesselen. D'Regierung hätt jo deemools de Bierger geroden, dat ze maachen. Dat wier also eng falsch Informatioun gewiescht. Mat dem nationale Roaming kéint ee wéinstens den Impakt vun enger nächster Cyberattack méi kleng halen. Ofséchere wier déi eng Saach, mee komplett evitéieren, gëtt schwéier, well d'Attacken zouhuelen, sou de Ben Polidori.

Méi op europäesch Fournisseure setzen

D'Schwaachstell bei der Post war ee Software-Feeler bei Routere vun Huawei. D'Welt wier haut eng aner wéi nach virun 10 Joer. Dofir misst ee sech Gedanke maachen, fir méi op europäesch Fournisseuren zeréckzegräifen. Als Legislateur misst een d'Lëtzebuerger Operateure vläicht dozou obligéieren. Dat hätt d'LSAP och gefuerdert, zemools fir liewenswichteg oder kritesch Infrastrukturen. "Do misst onbedéngt, wann et technesch machbar ass, een europäeschen Acteur mat an d'Boot geholl ginn. Dat kënne mir als Legislateur an engem Gesetz virschreiwen. Ech mengen dat ass dat, wou mir sollen usetzen, fir méi resilient ze ginn a manner ofhängeg vu Staate wéi China, Israel oder vläicht souguer wéi Amerika", sou den Deputéierten.

Dass d'BIL de Client eleng léisst, ass eng Approche, déi mir net gefält

Duerch d'Fraude bei der BIL hu ganz vill Leit, deels vill Sue verlueren. D'Bank gesäit d'Verantwortung eleng bei de Clienten. "Perséinlech fannen ech dat e bësse Schued," sou de Ben Polidori. Normalerweis wier et e Vertrauensverhältnes tëscht Bank a Client. Dass d'Bank de Clienten de Réck dréint a se eleng do sëtze léisst, fannen ech eng Approche, déi mir net gefält. Et misst ee kucken, wéi een d'Clientë besser kéint begleeden. Stéchwuert: Preventioun. Dat misst schonn an de Schoulen ufänken. Och déi manner Jonk misst een onbedéngt besser op d'Geforen am Netz virbereeden, sou den Invité.

Donieft misst ee versichen, fir d'Gesetzer méi séier kënnen ëmzesetzen. Wa mir haut iwwer e Gesetz schwätzen, wat dann an 2 Joer eréischt ëmgesat gëtt, dann ass dat ural. An et misst ee kucken, fir Fraude-Internetsitte méi séier kënnen ze spären. Haut misst fir d'éischt eng Plainte bei der Police gemaach ginn. Da misst ee Geriichtsurteel gesprach ginn an dann eréischt kéint e Site gespaart ginn. Aner Länner hätten dofir e spezielle Comité, fir de Site bannent 10 Deeg ze spären.

Nach op d’Spuerkeess ugeschwat an déi Strof wéinst de Caritas-Virementen, sot de Ben Polidori, dass dat him scho vill Bauchwéi mécht, datt déi Responsabel vun der Spuerkeess – ëmmerhin eng Staatsbank - an der Caritas-Spezialkommissioun näischt soten. Wann do eppes verheemlecht gi wär, misste senger Meenung no Konsequenze gezu ginn.

Invité vun der Redaktioun: Ben Polidori

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.