E Méindeg de Moie war de Wäibau an d'Landwirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Joer ass u sech besser ausgefall, wéi een hätt kënnen denken: d'Fudder-Reserve si gutt gefëllt, de Karschnatz ass nach amgaangen – et gesäit no enger gudder Recolte an no engem normale Joer aus. Dat sot d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

Och bei de Wënzer gëtt op e gudde Cru gehofft. Wichteg wier et, fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft nach méi resilient ze maachen. D'Wiederextreemer ginn ëmmer méi heefeg an dofir misst een engersäits d'Produktioun méi resilient maachen. Do géing de Ministère d'Fuerschung ënnerstëtzen, fir Zorten ze fannen, déi méi resistent si vis-à-vis vun der Dréchent a fir méi waasserschounend ze produzéieren.

Anerersäits misst een de Risiko-Management bei de Betriber promouvéieren. De Staat géing d'Bauere jo bei der "Mehr-Gefahren-Versécherung" finanziell ënnerstëtzen. Zum Beispill wann duerch Knëppelsteng oder Dréchent e Schued entsteet.

Eng Charme-Offensiv fir d'Landwirtschaft

Et wier e Fakt, datt et bei de Bauere Schwieregkeete beim Nowuess gëtt. Een Drëttel vun de Betribscheffen an der Landwirtschaft, déi iwwer 55 Joer al sinn, soen, si hätten e Successeur. 45 Prozent soen, si hätte keen. Dat ass keng ganz roseg Situatioun, fënnt d'Landwirtschaftsministesch. Dofir gëtt en Aktiounsplang ausgeschafft, een éischte Workshop war schonn am Fréijoer, een zweeten ass am Oktober.

Elo schonn hätte sech zwee Constaten eraus kristalliséiert. Obwuel d'Work-Life-Balance net gi wier, wier et awer e schéine Beruff, mee eng gesellschaftlech Unerkennung vum Beruff wier wichteg. Do wéilt ee weider sensibiliséieren an informéieren. Et hätt ee schonn de Projet zesumme mam Educatiounsministère "Landwirtschaft a Liewen", wou Schoulklassen op Bauerebetriber ginn. An d'Landwirtschaftskummer wier och nach derbäi e Projet auszeschaffen, fir eng Charme-Offensiv ze maache fir d'Landwirtschaft.

"Mir kucken och ëmmer erëm Filmer ze maachen op de Soziale Medie vu Bauerebetriber, wéi d'Aarbecht an der Wierklechkeet ausgesäit", erkläert d'Ministesch.

Een zweete Volet, deen ee misst ugoen, wier, fir d'Betribsiwwernam an och d'Betribsneigrënnung méi einfach ze maachen. Do wéilt een eng eenzeg Ulafstell schaffen, déi alles koordinéiert.

Rave zu Hengescht: Eng Schwéngerei

Zu der rezenter Rave-Party zu Hengescht sot d'Ministesch, datt dat eng Schwéngerei wier. Et wier de Geck gemaach, mat deene Leit, déi schaffen. Duerch den Dreck wier richtege Schued entstanen an dat kéint geféierlech fir d'Déiere ginn. Grad déi kleng Stécker vun den Aluminiumsbéchse géingen am Mo vun de Kéi landen a kéinten esou zu interne Bluddunge féieren.

D'Wiss am Ourdall misst op alle Fall komplett nei gemaach ginn. D'Fudder vun der Plaz wier natierlech net méi ze gebrauchen. Zesumme mat der Justizministesch Elisabeth Margue géing gekuckt ginn, ob een d'Gesetzgebung misst upassen, fir esou engem Phänomen richteg entgéint ze wierken. Et dierft hei am Land [no der Rave-Party vum leschten Joer um Stauséi, ndlr] keng Ulafstell ginn, fir esou Partyen. Zu Hengscht wier vill Material confisquéiert ginn an et géingen och nach Strofe geschwat ginn – d'Ermëttlunge géife lafen.

400 Betriber wiere vun EU-Kierzunge betraff

Lëtzebuerg géing fir eng staark gemeinsam Agrarpolitik stoen an dofir bräicht et een entspriechende Budget. Dass elo Bäihëllefe kéinten ewech falen, dat kritiséiert d'Martine Hansen. De Plang wier jo och, fir mam sougenannte "Capping" Primmen un d'Betribsgréisst ze koppelen. Am Moment wier virgesinn, fir mat der Kierzung unzefänke bei Betriber vun 78 Hektar un.

"Mir hunn hei zu Lëtzebuerg eng duerchschnëttlech Gréisst vun 72 Hektar. Mir si Gréngland-Betriber, do sinn d'Betriber méi grouss. Dat heescht, hei zu Lëtzebuerg wäre vun deem Capping plus minus 400 Betriber betraff." Dogéint wéilt ee sech wieren, well virop wiere jonk Bauere betraff. Déi géingen elo méi grouss Betriber iwwerhuele mat an der Moyenne 120 Hektar. "Dat heescht, déi wären iwwerproportional betraff. An do wäerte mer eis sécherlech asetzen, dass déi Jonk hei net déi gréisste Leidtragend sinn", sou d'Martine Hansen.

Invité vun der Redaktioun: Martine Hansen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.