
Kuerz virun Ouschteren sinn zwielef Tonne Tablette KitKat‑Schockela geklaut ginn. Wéi d’Firma matdeelt, ass e Camion mat méi wéi 413.000 Packungen op senger Rees duerch Europa verschwonnen. De Camion war vun Italien aus op de Wee a Polen an hätt ënnerwee a verschiddene Länner solle Liwwerungen ofginn.
Vu Gefier a Wuer feelt aktuell all Spuer, an d’Police ermëttelt zesumme mat de Logistik‑Partner. D’Firma warnt, datt de Schockela elo iwwer inoffiziell Weeër kéint op de Marché kommen. Iwwer de Stréchcode kéinten déi geklaute Packungen identifizéiert ginn. A Supermarchéë géifen dann “kloer Instruktiounen” op de Scanner affichéiert ginn, fir KitKat ze informéieren.
D’Firma rechent doduerch méiglecherweis mat Enkpäss virun Ouschteren an de Regaler.