Korruptioun ass do, och wann ee se net gesäit
E Mëttwoch de Moie war d'Korruptioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Jean Bour, fréiere Procureur vun Dikrech an Auteur vum Buch "Le phénomène de la corruption au Luxembourg" war e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Fréier konnt een d'Korruptiounsaffären op enger Hand opzielen, haut géing een awer an der Press vill liesen iwwer eng Gemeng hei oder ee Ministère do, an et hätt een d'Impressioun, dass et eng grouss Donkelziffer gëtt. Dacks géifen déi bedeelegt Leit sech géigesäiteg protegéieren.
Och wa Lëtzebuerg an internationale Rankingen éischter gutt ewech kënnt, notamment de "Corruption Perception Index" vun Transparency International, wou de Grand-Duché op der 5. Plaz ass, wieren dat ëmmer just Perceptiounen. Eng gutt Nott wär gutt, mä se beweist eben net alles. Och zu Lëtzebuerg géif et Korruptioun ginn, huet de fréiere Procureur vun Dikrech ze bedenke ginn.
Vill Korruptioun op Plazen, wou ëffentlech Gelder an de private Marché kommen
Traditionell géing ee Korruptioun a Staatsbetriber fannen, ma och bei Persounen oder Gesellschaften, déi eng Mission de service public hunn. Dat kéint zum Beispill e Betrib si wéi d'Post. Och am Privatsecteur géing ee mëttlerweil Fäll vu Korruptioun fannen. Allerdéngs wier Korruptioun meeschtens do ze fannen, wou ëffentlech Gelder an de private Marché kommen. Et géing ee ganz vill héiere vu Leit, déi eppes fir de Staat oder fir d'Gemenge kafen an dann 10 Prozent an hir eegen Täsch stiechen. Deemno wären a priori och Privatbetriber concernéiert, déi en ëffentlechen Déngscht leeschten, seet den Expert.
Antikorruptiounsgesetz ass zanter 2001 méi streng
Korruptioun ass kloer definéiert, erkläert de Jean Bour. Dat entspriechend Gesetz wier viru 24 Joer reforméiert a verschäerft ginn, op Basis vun enger Konventioun mat der OECD. Do hätt ee sech och um franséische Gesetz inspiréiert. Mëttlerweil muss et net méi zum Akt kommen, also dass et een Avantage gëtt oder Geld tëscht zwou Persoune fléisst, fir eng Faveur gemaach ze kréien, mee et géing duergoen unzedeiten, dass dat kéint geschéien. Dat heescht, et gëllt mëttlerweil schonn als Korruptioun, wann een engem anere just d'Propos mécht, eng ze dréinen. Dat begréisst de fréiere Procureur vun Dikrech.
Um Gemengenniveau muss nach vill geschéien
Als Paradebeispill nennt de Jean Bour d’Parteie-Finanzéierung, wou d’Chamber ganz ville Recommandatioune vum GRECO [e Grupp vu Staate vum Europarot, déi d’Korruptioun iwwerwaachen, ndlr.] nokomm wier. Notamment beim Code de conduite. Mee natierlech wier all System verbesserungsfäeg. Do ginn et och Lacunnen, virop um Gemengenniveau, wou nach vill misst geschéien. Ganz allgemeng bräicht et méi Sensibilisatioun. Dofir hätt hien d'Buch geschriwwen. Den éischte Betraffene vun der Korruptioun wier de Bierger, also de Client vun de Verwaltungen. Déi zweet Betraffe wieren d'Beamten, déi hëllefe missten, fir d'Korruptioun opzedecken. Vill Leit géingen einfach soen "ech schäisse mäin Noper net un".
Wann d'Sensibilisatioun allerdéngs näischt méi déngt, wann d'Preventioun näischt méi déngt, da kënnt d'Repressioun an do géing sech d'Fro stellen "wie mellt dat?", esou de fréiere Procureur vun Dikrech.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.