E Freideg de Moie war den Offall zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den Ament gëtt un engem neien nationalen Offallplang geschafft, dee bis Enn des Joers soll prett sinn. Eent vun den Ziler vun deem Plang ass et de Gesamtvolume vum Offall hei am Land weider ze reduzéieren, vill méi op de Recycling ze setzen, manner Verpackungsoffäll ze produzéieren an awer och d’Populatioun weider ze sensibiliséieren. Dat sot den Direkter vun der Ëmweltverwaltung Luc Zwank als eisen Invité vun der Redaktioun.

Lëtzebuerg huet sech zwar 2019 ënnert der Dräierkoalitioun eng "Null-Offall-Strategie" ginn a muss och verschidden europäesch Virgaben an Ziler respektéieren. Den Ament hu mer awer nach ëmmer en zimmlech héije Pro-Kapp-Verbrauch am Verglach mat aneren EU-Länner. Dat läit ënnert anerem awer och um Berechnungsmodus. Bréissel géif dem Grand-Duché seng Efforten am Beräich vun der Offallgestioun och duerch honoréieren, sou de Luc Zwank.

Offall-Collecte mussen nach besser ginn

Eng vun de groussen Erausfuerderungen, sou den Direkter vun der Ëmwelt-Verwaltung, bleift d'Collecte respektiv wat wou ewechgeheit gëtt. Déi lescht sougenannten "Restmüll-Analyse" aus de Joren 2021/2022 huet erginn, datt ronn d'Hallschent vum Contenu aus der schwaarzer Poubelle u sech kéint weider verwäert ginn. Bio-Offall, Kartrong, Pabeier oder och Glas. Alles Materialien, fir déi et u sech jo och Recyclagefilièrë gëtt. 
Positiv wier, datt de Gesamtvolume vum Restmüll vun 2015 op 2022 ëm 16% awer erofgaangen ass, sou eisen Invité. 
Den Ament leeft eng nei Analyse vum Restmüll. D'Resultater dovunner solle virun Enn des Joers virleien.

Vill Elektroapparater leien einfach doheem amplaz weiderverwäert ze ginn

Bei der Entsuergung an der Verwäertung vun Elektroapparater muss Lëtzebuerg och nach méi maachen. D'Leit hätten haut dacks nach al Apparater, wéi Handyen oder Laptoppen doheem leien, aus sentimentale Grënn zum Beispill oder well si sech Gedanken iwwert hir privat Donnéeën maachen déi nach drop sinn, amplaz se adequat z'entsuergen. Dobäi wier grad bei den Elektroapparater e grousst Potential fir se entweder ze flécken oder eenzel Komponenten weider ze verwäerten, huet eisen Invité erkläert. Hei misst nach méi Sensibiliséierungs- an Opklärungsaarbecht gemaach ginn.

E Lëtzebuerger Fläschen- a Béchsepfand ass net onwarscheinlech

Déi europäesch Verpackungsreegele gesi vir, datt bis 2026 80% a bis 2029 90% vum Eeweeplastik agesammelt musse ginn, soss missten d'Memberstaaten e Vidangesystem op de Plastiksfläschen an de Béchsen aféieren. Lëtzebuerg riskéiert also och op dee Wee mussen ze goen an en "Dosenpfand" mussen anzeféieren, wéi et e beispillsweis an Däitschland zanter Jore scho gëtt. All Zäit areeche mer den Ament d'Ziler op deem Punkt nach net. Den Taux de collecte léich aktuell tëscht 60 a 75%, sou den Invité. Duerfir wier et och "net onwarscheinlech", datt eng Kéier e Vidangesystem op de Plastiksfläschen an de Béchsen zu Lëtzebuerg kënnt.

Lëtzebuerg kéint dat sécher awer net eleng maachen, mä misst do e System ausschaffen, dee mat den Nopeschlänner kompatibel ass, vu wou ganz vill vun de Fläschen a Béchsen, déi hei verkaf ginn, importéiert ginn.

Wirtschaftsacteure gesinn dee Punkt zanter laangem schonn éischter kritesch an hu sech an hiren Avisen zum neien Offallplang och retizent géintiwwer sou engem Vidange gewisen. D'Ëmweltverwaltung ass sech däers och bewosst. De Luc Zwank huet e Freideg de Moien bewosst op d'Gespréicher verwisen, déi elo scho mam betraffene Secteur gefouert ginn, an huet och kloer ze verstoe ginn, datt och d'Verwaltung sech de Problemer bewosst ass, déi sou e Vidangesystem an engem Land wéi Lëtzebuerg géif mat sech bréngen.

Den Ament ass den nationalen Offallplang nach an der Consultatiounsphas. Bis den 1. Oktober ka jiddereen, dee wëll, säi Feedback dozou ofginn. Am spéiden Hierscht soll dat finaalt Resultat da viraussiichtlech an de Regierungsrot kommen.

Invité vun der Redaktioun: Luc Zwank

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.