E Méindeg de Moie waren d'Sonndesaarbecht, d'Ouvertureszäiten am Commerce an d'Renten Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Patrick Dury

D’Unioun vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB geet "décidéiert" an déi drëtt Sozialronn e Mëttwoch fir en Akkord ze fannen a Resultater ze kréien. "Fir de Sak zouzemaachen", esou de President vum LCGB Patrick Dury e Méindeg de Moien hei op RTL deklaréiert. Hie wier optimistesch, well a sengen Ae war "d’Attack op de Sozialmodell" vun der Regierung duerch d’grouss Manif vum 28. Juni an den Asaz vun de Gewerkschaften opgehale ginn.

No der éischter Sozialronn waren d’Pläng vun der Regierung fir d’Kollektivverträg ze verwässeren, vum Dësch. Op der zweeter Ronn vum 14. Juli  goufen eisen Informatiounen no d’Propose fir d’Sonndesaarbecht an d’Ouvertureszäiten am Handel ze verlängeren, verwässert, genee esou ewéi d'Iddi fir bei de Renten d’Liewensaarbechtszäit ze verlängeren.

Hien hätt keen Unhaltspunkt fir ze mengen, datt dat soll a Fro gestallt sinn, esou de Patrick Dury, nodeems de Premier Luc Frieden leschte Mëttwoch op Nofro hin awer sot, datt ee sech net mat jidderengem op alle Punkte misst eens ginn. Den LCGB-President sot "dat wat mir de 14. Juli als Pisten, als prinzipiell Iwwerleeungen do leien haten, wat awer net an den Detail ausgetext war, weise ganz staark drop hin, datt mir als Gewerkschaften do mat der Regierung wäerten eens ginn". Hie géing kloer dovunner ausgoen, datt ee géing e Mëttwoch kucken "de Sak zouzemaachen".

Sträit hannert sech loossen

Sozialpartner solle sech respektéieren a probéiere sech Mol iwwert e Constat eens ze ginn, huet de fréiere President vun der Union des entreprises Michel Würth – graff resuméiert – am Fedil-Blat am Juli geschriwwen. De President vum LCGB hätt den Artikel vum Michel Würth "gutt fonnt" an hie wier frou, datt een elo a méi "rouege Gewässer" wier. 
 
De Patrick Dury huet seng Mol méi onhéiflech Aussoe géintiwwer der Regierung a Patronat gerechtfäerdegt andeems hien un deenen hir Provokatiounen erënnert huet. Engersäits ewéi d’Regierung de Gewerkschaften hir Roll bei de Kollektivverträg a Fro gestallt huet. Anerersäits ewéi d’Patronat an enger "Rotstift-Orgie" d’Renten hätt wëlle kierzen.
 
"Mir solle lo domadder ophalen, dat solle mer hannert eis loossen", esou de Patrick Dury. Elo misst ee kucken "wou mir hei erauskommen". A Punkto Renten hätt een elo "Piste fir Léisunge fir eng gewësse Rei vu Joren". Dem Gewerkschaftler no géing et keng "Sëlwerkugel" ginn an et misst een all 5 bis 10 Joer iwwert d’Rente schwätzen.

Gewerkschafte blockéieren net

Wat de Constat ugeet, do wier sech jiddereen eens, datt a Punkto Renten eppes misst geschéien, esou de Patrick Dury. Hien huet un d’Propose vun de Gewerkschaften erënnert, fir duerch eng Hausse vun de Cotisatiounen an aner Finanzéierungsquellen de Pensiounssystem "méi staark" ze maachen.

Onsen Informatiounen no soll den Alter fir d’Fréirent mat 60 progressiv liicht eropgoen. De Patrick Dury wollt net an den Detail vun den Diskussioune vu Mëttwoch goen, well dat esou ofgemaach gi war. Hien huet awer confirméiert, datt d’Pläng vum Premier Luc Frieden fir d’Cotisatiounsperiod iwwer 40 Joer eropsetzen och vum Dësch wier.

D’Gewerkschafte wieren net dogéint, datt d’Leit solle kënne méi laang schaffen, wann een d’Leit an d’Situatioun géing setzen, wou se kéinte méi laang schaffen, esou de Patrick Dury. Se wieren och net géint d’Sonndesaarbecht. Et wier just ëmmer d’Fuerderung gewiescht, datt dat iwwer d'Kollektivverträg gemaach gëtt. D’Zil wier net, eppes ze blockéieren. D’Zil wier eppes "mat ze gestalten", fir datt d’Aarbechtskonditiounen "anstänneg" wieren an d’Liewe "liewenswäert" bleiwe géing.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.