Käschtepunkt vum Trounwiessel gëtt "sou séier wéi méiglech" duerno matgedeelt
E Freideg de Moie war den Trounwiessel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Virfreed op dat wat kënnt, ass um Haff ganz grouss. D'Leit sinn all prett an et spiert een eng ganz positiv Energie am Haus, sot e Freidegmoien d'Maréchale de la Cour Sasha Baillie bei eis op der Antenn. Nëmmen e puer Stonnen ier den Ierfgroussherzog Guillaume am spéide Moien an der Chamber als neie Staatschef vu Lëtzebuerg vereedegt gëtt.
D'Tatsaach, datt de Grand-Duc Henri anescht, wéi säi Papp de Groussherzog Jean viru 25 Joer, de Leit net méi an enger leschter Ried op Radio an Tëlee kuerz virum Trounwiessel offiziell "Äddi" seet, erkläert d'Maréchale de la Cour domadder datt, een den Accent och schonn an de Preparativen wollt op den Ierfgroussherzog Guillaume leeën. Dee sollt am Fokus stoen. Déi 25 Joer vum Règne vum Grand-Duc Henri wieren um an ëm de leschten Nationalfeierdag zelebréiert ginn.
Interviewen, déi déi groussherzoglech Koppel der nationaler Press am Kontext vum Trounwiessel zougesot hate, goufen duerno ofgesot. De Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria-Theresa hu sech duerfir awer a verschiddenen auslännesche Magasinnen (zum Beispill "Paris Match)" nach geäussert. Dozou sot eis Invitée vun der Redaktioun net vill. De Grand-Duc Guillaume hätt de Wëllen eng "Interaktioun" mat der nationaler Press ze hunn.
"Mir wäerte kloer an transparent iwwert de Käschtepunkt kommunizéieren"
An de leschten Deeg gouf ëmmer méi d'Fro opgeworf, wéi vill d'Festivitéite vum Trounwiessel kaschten. Vun der Press an och vun der politescher Oppositioun. Just d'Stad Diddeleng huet wësse gedoen, datt een en extraordinäre Prêt fir 500.000 Euro opgeholl hätt.
D'Stad Lëtzebuerg wollt dozou nach keng Ausso ginn esou laang den detailléierte Budget nach net kloer wier. An och d'Maréchale de la Cour huet sech e Freideg de Moie ganz bedeckt gehalen. Natierlech wier et wichteg, datt de Käschtepunkt matgedeelt gëtt. Et wiere ganz vill verschidde Budgetslinnen, déi iwwer verschidde Verwaltunge lafen. Fir nëmmen en Deel dovunner rauszepicken wier deemno wéi "irreführend". D'Sasha Baillie huet sech awer dozou engagéiert, datt de Montant matgedeelt gëtt, wa bis déi komplett Iwwersiicht, de kompletten Decompte virläit. Dat soll dann och "esou séier ewéi méiglech" nom Trounwiessel geschéien.
D'Transitioun am Direktiounskommitee vun der "Maison du Grand-Duc"
De Grand-Duc Guillaume ëmgëtt sech fir seng nei Funktiounen un der Spëtzt vum Staat mat engem neien Direktiounskommitee un der Spëtzt vun der "Maison du Grand-Duc". Dozou gehéiert virop déi fréier Diplomatin an ze lescht Cheffin vu "Luxinnovation" Sasha Baillie als Maréchale de la Cour, déi viru bal genee siwe Méint dës Funktioun iwwerholl huet.
An deen neien Direktiounskommitee sollen den aktuelle Conseiller an den "Aide de camp" vum Ierfgroussherzog Guillaume kommen. Déi aktuell Memberen (Marc Baltes, Yves Arendt a Robert Kohnen) sollen nei Funktioune kréien, esou d'Sasha Baillie.
An da gëtt och nach en neien Direkter fir d'Finanzen an d'Ressources humaines gesicht. Ee kruziale Posten wann een d'Antécédenten um Haff bedenkt, déi ënnert der Dräierkoalitioun zum Waringo-Rapport an de Reformen um Haff gefouert hunn. Däers ass sech och d'Sasha Baillie bewosst. Si hätt déi éischt Kandidaturen fir déi Plaz kritt, mä géif sech déi néideg Zäit huelen, fir déi richteg Persoun ze fannen.
De Risiko, datt d'Léieren aus dem Waringo-Rapport mat der neier "Maison du Grand-Duc" a Fro gestallt géifen, gesäit d'Maréchale de la Cour net. D'Rollen an d'Responsabilitéite wiere kloer opgedeelt. An et wier hiren Job, duerno ze kucken, datt sech un d'Virgabe gehale gëtt.
Den zukünftege Grand-Duc beschreift d'Maréchale de Cour als "Harmoniesmënsch", dee lauschtert a sech u villem interesséiert. Hien hätt all d'Charakterzich fir fir Rou ze suergen, a fir Decisiounen iwwerluecht ze huelen.
Trounwiessel mat "alle Facettë vu Lëtzebuerg" a "joyeuse entrée" d'nächst Joer
De Programm vum Trounwiessel gefält der Ex-Cheffin vun der Promotiounsagence "Luxinnovatioun" ganz gutt. Fir d'Feierlechkeete wier déi ganz Gesellschaft agebonne ginn. An den nächste Wochen stinn dann "Untrëttsbesich" vun der neier groussherzoglecher Koppel an den Nopeschlänner un. An d'nächst Joer kommen och nach "Joyeuses entrées", bei deenen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse an d'Kantone reesen, fir Land a Leit ze begéinen. En Timing steet awer nach net fest.
An den nächste Méint plënnert d'Famill mat de Prënzekanner Charles a François dann och vu Fëschbech op Colmer-Bierg. Am Ufank nach an d'Schlass, bis déi geplangte privat Annex fäerdeg ass.
Mat senge fënnef Joer gëtt de Prënz Charles iwwregens dee jéngsten Trounfollger a ganz Europa. Doduerch kann hien och d'Roll, déi dem Ierfgroussherzog Guillaume bei Wirtschaftsmissiounen zoustinn, net erfëllen. Et wier awer de Wonsch vum Grand-Duc Guillaume, selwer der Lëtzebuerger Wirtschaft am Ausland déngen ze kënnen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.