En Dënschdeg de Moie war de Lëtzebuerger Bësch Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

1984 waren 80 Prozent vun de Beem an de Bëscher gesond, haut sinn et just nach 15 Prozent. Den Direkter vun der Naturverwaltung, de Michel Leytem, war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Hien huet vun enger "brutaler Verschlechterung" geschwat. Zanter 2019, mam dréchene Summer 2018 virdrun, hätt de Gesondheetszoustand vun de Bëscher extreem ofgeholl.
 
Nolebëscher besonnesch vum Klimawandel betraff
 
Wann ee géif duerch d'Éislek fueren, géif een et selwer gesinn. Besonnesch d'Fiichten, also d'Nolebëscher, leiden ënnert dem Klimawandel a sinn ofgestuerwen. Och d'Biche géife Problemer kréien. Dowéinst misst ee kucken, fir mat Naturverjéngung de Bësch fit ze kréien a méi klimaresilient Bamaarte planzen. 
 
Ze vill Wëld schued der Verjéngung
 
Een anere Problem ass ze vill Wëld an de Bëscher, déi déi jonk Planzen ewech friessen. Déi waarm Wantere wiere fir d'Wëld gutt, fir sech ze reproduzéieren, awer schwiereg fir de Bësch. Et misst méi geschoss ginn. Lo géif ënnert dem Minister Serge Wilmes e "Bësch- a Wëlddësch" organiséiert ginn, fir Léisungen um Terrain ze fannen. Fréier hätt een Diskussioune gehat, wou een deem aneren de Schwaarze Péiter zougestach hätt, dobäi wier et awer wichteg, deem anere säi Problem ze verstoen an zesummen eng Léisung ze fannen. 
 
Wéi vill muss am Bësch geschafft ginn a wat reegelt sech selwer? 
 
Wat reegelt sech vum selwen an der Natur a wéi vill muss agegraff ginn? Dat hu mer och mam Verwaltungschef beschwat. Knapp 500 Leit schaffen an der Naturverwaltung, dovunner 260 Bëschaarbechter. Et hätt een et net méi mat enger Naturlandschaft ze dinn, mä mat enger "Kulturlandschaft", déi de Mënsch iwwer Jore verännert huet. De Mënsch hätt vill agegraff an de Klimawandel hätt et verschäerft. De Bësch kéint just schwéier d'Klimachangementer ewechstiechen. Lëtzebuerg hätt och e ganz modernt Bëschgesetz vun 2023, wat d'Aarbechten am Bësch reegelt a protegéiert. Et géif ganz "naturno" an de Lëtzebuerger Bëscher geschafft ginn. 
 
14.000 Privatbëschbesëtzer
 
D'Naturverwaltung bekëmmert sech ëm de staatleche Bësch a mécht do och Holz, dat versteet gëtt. 50 Prozent vum Lëtzebuerger Bësch ass a staatlecher Hand, 50 Prozent a Privathand. Eng 14.000 Privatbëschbesëtzer gëtt et, déi heiansdo emol net wëssen, datt se Terrainen hunn oder wou déi leien. D'Bësch-Proprietären hunn awer verschidde Flichten. Et wier e Patrimoine, dee misst ënnerhale ginn. E Proprietär vun engem Bësch ass awer net onbedéngt responsabel, wann zum Beispill ee vun engem Aascht getraff gëtt. Dem neie Bëschgesetz no huet jiddereen d'Recht an de Bësch ze goen – egal wiem e gehéiert – mä da muss een och d'Risken am Bësch akzeptéieren. De Bëschbesëtzer ka just responsabel gemaach ginn, wann him ee grave Feeler kann nogewise ginn. Wat ee grave Feeler ass, ass am Gesetz awer net definéiert. Dat decidéiert am Zweiwelsfall d'Geriicht.
 
De Bësch als Erhuelungsraum, wou een "op Besuch" ass
 
Haut ass de Bësch och Erhuelungsraum an huet nieft den ökologeschen a wirtschaftleche Funktiounen och sozialer. Aus Japan kënnt d'"Waldbaden" fir ënnert anerem Stress ofzebauen. Spéitstens zanter Corona gi méi Leit an de Bësch. Mä et wier een "op Besuch", seet den Direkter vun der Naturverwaltung. Et soll een op de Weeër bleiwen, näischt futti maachen a keen Dreck hannerloossen. Esou kéint ee selwer, awer och nach déi Generatiounen no engem, de Bësch genéissen.

Invité vun der Redaktioun: Michel Leytem

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.