E Méindeg de Moie war d'Fokus-Partei Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"D'Alternativ mat Vernonft." Dat ass den neien Titel, deen d'Partei Fokus sech gëtt. De Begrëff "Alternativ" géif dacks vu Parteie wéi der ADR oder der AfD an Däitschland mëssbraucht ginn. Et wéilt een dofir de Leit eng reell Alternativ bidden a säi politesche Profil schäerfen. Virop mat Wuesstemskritik. Dat sot de President vu Fokus e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Fir de Marc Ruppert léich d'Schold net um Wuesstem u sech, mee um Ëmgang vun der Politik domat. An hien huet e spezielle Verglach gebraucht:

"Ech géif ganz gären de Gaston Vogel an d‘Spill bréngen. Deen huet senge Feinden ëmmer gewënscht, de Pilz um Hënneschten ze hunn, an den Arem ze kuerz, fir drunzekommen. Dat ass e bëssen dat, wat d‘Politik Lëtzebuerg an de leschte Jore bruecht huet: en Ausschlag, dee besteet aus Sécherheets-, Mobilitéits- a Logementsproblemer. De massive Wuesstem ass schlecht encadréiert. D‘Politik huet den Arem ze kuerz an d‘Wäitsiicht net, fir déi Problemer unzegoen. Zanter 25 Joer ass gewosst, dass mir de 700.000-Awunner-Staat erreechen. Keng vun de grousse Parteien huet déi néideg Mesuren ergraff."

Fokus hätt dogéint kloer Proposen. Et wéilt ee sech um finnesche Modell inspiréieren an dofir fuerdert d'Partei, dass eng nei parlamentaresch Kommissioun fir d'Zukunft soll geschaaft ginn. Wou Deputéiert laangfristeg Politik kënne maachen an och hir Meenung dierfe soen a matgestalten, fir alles, wat iwwer déi fënnef Joer erausgeet. Well déi Echeance vu fënnef Joer vun der Chamber géing aus de Politiker Entreprise maachen, déi just dofir suergen, erëmgewielt ze ginn.

Woufir steet Fokus?

Bei de leschte Wale krut Fokus ronn 2,5 Prozent vun de Stëmmen an domat eng finanziell Hëllef. Deementspriechend hätt d'Partei och eng Missioun fir weiderzemaachen, och wann ee kee Mandat an der Chamber krut. Grousse Kritikpunkt vu ville Leit wier effektiv gewiescht, dass een net wéisst, woufir d'Partei steet. Dofir hätt ee sech elo den Zousaz "Alternativ mat Vernonft" ginn an et géing ee virop Sujeten traitéieren, déi de Leit "ënnert de Fangerneel brennen".

Natierlech hätt een awer och zu all den Aktualitéitssujeten eng kloer Positioun. Punkto Sozialdialog zum Beispill, wier et kloer, dass een definitiv an der Kris ass. Och wann de Marc Ruppert, wéi hien seet, "kee grouss Fan vum [Aarbechtsminister, ndlr] Här Mischo" ass, sou wéi hien awer nach manner e Fan dovun ass, dass de Premier Frieden, als Kapitän, seng Ekipp am Reen géing stoe loossen.

Gesondheetswiesen: D'Regierung handelt net séier genuch

Wat eis d'Gesondheetswiesen ugeet, misst ee feststellen, dass et op der Intensivstatioun läit, wann et net schonn eng Läich wier. An dofir géinge sech och privat Investisseure wéi Hyänen op dat Affer stierzen. De Marc Ruppert bedauert, dass d'Regierung net handelt. Fokus wär kloer géint eng Zwou-Klasse-Medezin a géint eng grouss Privatiséierung. Am Moment géif et awer duerno ausgesinn. Do derbäi kënnt, dass d'Bevëlkerung ëmmer méi al gëtt. D'Zuel vun den Awunner am Alter vu 65 Joer wäert sech an de nächste 25 Joer verduebelen. Dofir bräicht een elo méi Initiativen, fir dat unzegoen.

Wat d'Pensiounsreform ugeet, fënnt Fokus, dass et wichteg wier, konkret Ureizer ze schafen, fir Leit am Alter vu sech aus méi laang am Beruff ze halen. Donieft wier et gutt, de biergerlechen Déngscht anzeféieren. Doduerch kéinte jonk Leit och schonn eng Remuneratioun kréien a kotiséieren. Fokus géif och Familljen extra ënnerstëtzen, déi Kanner kréien.

Bei de leschte Wale war de Frank Engel nach mat derbäi, dee sech awer elo net méi an déi éischt Rei wëll stellen an och net méi wëll kandidéieren. Hie war awer mat ronn 7.100 Stëmmen däitlech virum Marc Ruppert mat 3.900 Stëmmen. Och ouni d'Zuchpäerd Frank Engel kéint Fokus gutt Resultater bei Wale maachen, sou de Marc Ruppert. Iwwerdeems hätt d'Partei tëscht 230 an 240 Memberen. D'Monica Semedo géif net méi dozou gehéieren.

Invité vun der Redaktioun: Marc Ruppert

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.