E Sonndeg waren d'Annette Welsch aus dem Wort, de Pol Reuter vu Reporter.lu an de an de Richard Graf vun der Woxx am Presseclub.
U sech kann de Walkampf lo ufänken: am Politmonitor hunn d'Leit gesot, wou fir si de Schong dréckt a wat hir aktuell Suerge sinn.
Och d'Sympathie- an d'Kompetenz-Tauxe goufen tëscht 42 ofgefrote Politiker verdeelt, sou datt d'Parteien hir natierlech Leadere kënnen an d'Course fir d'Superwaljoer schécken.
Wat ass sech konkret thematesch vun de Parteien am Walkampf z'erwaarden an drift d'Gesellschaft wierklech sou auserneen, wéi et dee rezente Sondage fäerte léisst?
Invitéeë beim Roy Grotz waren
d'Annette Welsch aus dem Wort,
de Pol Reuter vum Online-News-Site Reporter
an de Richard Graf vun der Woxx.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.