D’LSAP an den DP-Minister Lex Delles loosse Plommen
Obwuel d’Paulette Lenert nees eleng un der Spëtzt ass, ass hir Partei d’LSAP de grousse Verléierer am drëtten a leschten Deel vum Politmonitor.
Ganzer 6 LSAP-Politiker verléieren nämlech Kompetenz a Sympathiepunkten. Dorënner den Ausseminister Jean Asselborn, deen awer nach ëmmer Zweeten ass virum Premier Xavier Bettel. Deem säi Parteikolleeg, den DP-Mëttelstandsminister Lex Delles huet awer och vill Plomme gelooss. Deen ass ëmmerhin mat enger Plaz 8 nach ëmmer am Top 10, mee hie verléiert 9 Punkten, haaptsächlech bei der Sympathie, mee och a Punkto Kompetenz. Dobäi war de Lex Delles just no der leschter Ëmfro President vun der DP ginn.
Den Tommy Klein vum Ilres spekuléiert, datt de Lex Delles als Parteipresident sech zu Sujeten huet missen äusseren ewéi zum Beispill eng Impfflicht. An da géing ee vläicht méi Leit treffen, deenen et net gefält.
Paulette Lenert weider op 1
Datt d’Paulette Lenert sech trotz puer méi brenzelegen Dossiere mat 79 Punkten am Duerchschnëtt op engem héijen Niveau stabiliséiert krut, dat ass fir den Tommy Klein iwwerdeems keng Iwwerraschung. Et misst ee sech nämlech froen, ewéi wäit e politeschen Debat oder Kritik vun enger Associatioun och schlussendlech bei der Wielerschaft ukënnt.
Käpp
Oppositioun
Beléiftsten Oppositiounspolitiker bleift de Piratendeputéierte Sven Clement, deen trotz Minus 3 Punkten elo op fënnefter Plaz ass, just hannert der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Aus der gréisster Partei an der Chamber, der CSV, ass nach ëmmer just de Claude Wiseler am Top 10 an zwar op Plaz 7.
Oppositioun
Nei an der Regierung
Relativ gutt Scorë maachen déi, di réischt zanter kuerzem an der Regierung an am Sondage sinn: D’DP-Finanzministesch Yuriko Backes verbessert sech ëm 5 Punkten an ass op Plaz 10 elo.
Déi gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring gewënnt 6 Punkten, mee läit awer nach hannert bal all den anere Politiker am Sondage.
Regierung
Weider de Leschten
Leschte vu 44 Politiker, déi zur Wiel stoungen, ass awer nach ëmmer den ADR-Deputéierten Fred Keup. Obwuel hien awer säi Score liicht verbessert huet.
Timeline Pro Partei
D'Detailer wéi ëmmer op Alia.lu
D'Detailer iwwert d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir hei ënnert dësem Link oder och op Alia.lu