D’Aktualitéit iwwerschléit sech nees a mir hunn iwwer vill verschidde Sujeten diskutéiert.

Hei zu Lëtzebuerg iwwer d’Expulsioun vu Flüchtlingen an iwwer de Sozialdialog. An Däitschland iwwer de Walkampf an d’Menace vum Kanzlerkandidat Friedrich Merz, dass ënnert him d’Grenzen nees permanent kontrolléiert ginn.

An an den USA ass den Donald Trump nees offiziell zeréck am Oval Office an huet direkt e puer vu senge Menacë wouer gemaach. Säi Beroder Elon Musk suergt och fir Opreegung. Op wat musse mer eis international astellen? Wéi gi mer domat ëm?

De Presseclub wéi gewinnt dëse Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer live um Radio, online op rtl.lu an op der App

Eis Invitéë waren

  • D’Cordula Schnuer fir d’Luxembourg Times
  • Den Armand Back vum Tageblatt
  • De Laurent Schmit vu Reporter.lu

RTL-Presseclub vum 26. Januar 2025

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.